Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Episod 11 – Maxime Weber X Parc Merveilleux

Lëtzebuerger Auteur, deem seng Karriär mam Prix Laurence lancéiert gouf

 

„Et war esou ëm d’Päischten, ‘t stoung alles an der Bléi, an d’Villercher di songen hir Lidder spéit a fréi.“, esou geet dem Michel Rodange säi „Renert“ un, deen hien 1872 publizéiert huet. Dësen ass e wichtegt Element am neien Episod vun eisem Podcast, mä bis Päischte wollte mer awer net waarden, fir mat eisem Gaascht Statioun zu Beetebuerg ze maachen.

De Renert war ee vun de Sujete bei eiser drëtter Statioun fir d’Joer 2023, mä et goung méi riets iwwer eisem Gaascht säi Buch „Das Gangrän“, aktuell Tendenzen an der Literatur, ëm Zillen, déi féier zu Beetebuerg produzéiert goufen an och ëm Kannerbicher, Natur a Legenden.

Eise Gaascht: Maxime Weber

De Maxime Weber ass als Useldenger sécher kee Minettsdapp an awer huet hien sech als Auteur an der Gemeng un der Uelzecht lancéiert. Nodeems hien et 2015, bei der alleréischter Editioun vum Prix Laurence, dem Literaturpräis fir Nowuesschrëftsteller zu Beetebuerg, an d’Final gepackt hat, konnt hien de Prix Laurence dat Joer duerno gewannen.

© Julie Collini

Doropshin huet de Maxime säin Debut-Roman „Das Gangrän“ geschriwwen, deen 2021 erauskomm ass. Iwwert de Roman, an deem erstaunlech vill Parallellen zu der Pandemie, déi eis an de leschte Jore begleet huet, ze fanne sinn, geet natierlech riets. Mam Maxime, deen zu München a Berlin studéiert huet, hu mer iwwert seng Walheemecht Berlin geschwat an och iwwer aktuell Tendenzen an der Literatur a virun allem bei Reeditioune vun eelere Bicher.

Schlussendlech waren och „speculative fiction“ a „science fiction” e Sujet an eisem Gespréich. An do kënnt Dir ënnert anerem gewuer ginn, datt e Lëtzebuerger als Papp vun der „science fiction“ kann ugesi ginn.  

Facebook Instagram Youtube

 

Eis Minett-Location vum Mount : De Parc Merveilleux

D’Gemeng Beetebuerg

Beetebuerg ass net just eng Eisebunnerstad, mä huet och eng räich industriell Vergaangenheet, vun där haut allerdéngs net méi vill iwwereg ass. Duerfir ass d’Gemeng, déi nieft Beetebuerg nach aus den Uertschafte Fenneng, Obeler, Hunchereng an Näerzeng besteet, mat hire knapp 12000 Awunner, haut enk mat der Logistik verbonnen, duerch den intermodale Schinnenterminal kënne Wuere vu Beetebuerg aus, op eng nohalteg Manéier, a ganz Europa transportéiert ginn.

Mam Beetebuerger Park, wou all Lëtzebuerger op mannst als Kand eng Kéier war, huet Beetebuerg och eng vun de wichtegsten Touristenattraktioune vum Land ze bidden, a genee do start och den 90 Kilometer laange Minett Trail.

D’Kabaische vum Mount: Parc Merveilleux

Am Tuerm vun der aller Entrée vum Beetebuerger Park ass d’Kabaische vun der Gemeng Beetebuerg ënnerbruecht. Geplangt vun der Architektin Julie Dupont ass aus deem ale Keesenhaischen, eng heemlech Ënnerkonft ginn, mat enger aussergewéinleche Klotergerüst bis ganz erop an den Tuerm.

© Minett UNESCO Biosphere

Wéi an all Kabaischen, gouf och bei der Konzeptioun vun dësem Gîte mat engem lokale Kënschtler zesummegeschafft. De Jhemp Bastin huet seng Konschtwierker, déi virun der Kabaische stinn an och an dëser ze fanne sinn, an d’Zeeche vum „Renert“ gesat. Direkt hannert der Kabaische gëtt och vun dëser Saison un d’Geschicht vum „Fuuss am Frack an a Maansgréisst“ als neit Märchen am Märchepark erzielt.

Eise Quiz:

De Jongelycée – LGL (1909) an der Stad gouf mat Zillen aus Leem gebaut déi zu Beetebuerg produzéiert goufen.  Wéi vill Zillen hunn si fir de Lycée gebraucht fir deen ze bauen? 

  • 1.500.000 Zillen
  • 500.000 Zillen
  • 50.000 Zillen

Direkt hannert dem Beetebuerger Park läit de „Bongert Altenhoven“. Wat ass, fir Lëtzebuerg, esou speziell un dësem Bongert? 

  • En ass schonn zënter der Zäit vun de Réimer beluecht
  • Mat iwwer 1200 Uebstbeem ass et de “gréisste” Bongert vum Land
  • Mat sengem Uebst ginn exklusiv d’Déieren am Beetebuerger Park gefiddert

Linke bei d’Sujete vun dëser Episod:

  • Gemeng Beetebuerg  
  • Prix Laurence: De Prix Laurence ass e lëtzebuergesche Literaturpräis, deen all Joer un jonk talentéiert Auteuren iwwerreecht gëtt.  
  • Chaudron fêlé: Text, mat deem de Maxime Weber 2016 de Prix Laurence vun der Gemeng Beetebuerg gewanne konnt 
  • Das Gangrän – Roman: Deen éischte Roman deen de Maxime Weber geschriwwen huet 
  • Gangrän: E puer medezinesch Detailer iwwer dës Krankheet 
  • Lëtzebuerger Buchpräis: Präis, dee vun de Lëtzebuerger Bicherauteuren all Joers op de Walfer Bicherdeeg iwwerreecht gëtt. De Maxime Weber stoung 2022 op der Shortlist. 
  • Chrysalis Award: Award vun der European Science Fiction Society, deen 2022 un de Maxime Weber goung fir säi Roman “Das Gangrän”. 
  • Institut Grand-Ducal: Vergëtt reegelméisseg e Literaturpräis fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Literatur. 2022 huet de Maxime Weber dëse Präis gewonnen 
  • Lëtzebuerger Autorelexikon: Eng Plattform op der all Lëtzebuerg Auteuren opgelëscht sinn, déi op mannst ee literarescht Buch zu Lëtzebuerg verëffentlecht hunn.  
  • Antoine Pohu: Lëtzebuergeschen Auteur, dee wéi de Maxime Weber de Prix Laurence gewonnen huet 
  • Cosimo D. Souglia: Lëtzebuergesche Schrëftsteller, dee Kuerzgeschichten, Gedichter an Theaterstécker schreift. 
  • Parc Merveilleux Beetebuerg: En Déierepark, deen et schonn zënter 1956 gëtt. Et ass eng vun de meescht besichten Touristenattraktioun zu Lëtzebuerg.  
  • De Ris geet op d’Rees: Comic iwwert de Ris aus dem Beetebuerger Park, deen 2022 am Kader vum Literatour vun der Gemeng Beetebuerg publizéiert gouf 
  • Kabaischen “Parc Merveilleux”: Location, wou dësen Episod vum Podcast opgeholl ginn ass 
  • Renert oder “De Fuuss a Frack a Maansgréisst”: Fabel vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Michel Rodange, déi 1872 verëffentlecht gouf 
  • Zillefabrik vum Charles Jacquinot: Tëschent 1898 bis an d’Enn den 1960er Jore gouf et zu Beetebuerg eng Zillefabrik, déi vum Charles Jacquinot gegrënnt gouf.  
  • Jacquinots Park: E Park an der Gemeng Beetebuerg, deen nom Begrënner vun der Zillefabrik benannt gouf.  
  • LGL – Lycée de garçons de Luxembourg: Lycée um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg, dee mat Zille vu Beetebuerg gebaut gouf 
  • Celula: Eemoleg Molkerei zu Beetebuerg. D’Gebai gouf Enn vun den 90er Joren ëmgewandelt. Haut sinn am Gebai Wunnengen, e Restaurant a Büroen.  
  • Kulturfabrik: Aalt Schluechthaus vun Esch-Uelzecht, wat zu engem Kulturzentrum ëmfunktionéiert gouf 
  • Schungfabrik: Al Schongfabrick zu Téiteng, déi zu engem Kulturzentrum ëmfunktionéiert ginn ass 
  • Deutsche Umwelthilfe: Eng däitsch Ëmwelt-, Natur- a Verbraucherschutzorganisatioun, fir déi de Maxime Weber zu Berlin schafft 
  • David Graeber – Bullshit Jobs: Schreift iwwert d’Existenz vu sënnlose Jobs an eiser westlecher Welt, deenen d’Leit noginn an analyséiert hiren Impakt op eis Gesellschaft.  
  • Berlin: Däitsch Haaptstad 
  • Panima: Dem Maxime seng Kuerzgeschicht, wou Objeten een Bewosstsinn kréien, déi hien op Englesch geschriwwen huet an déi vu BlackFountainPress publizéiert ginn ass.
  • Maskénada: e Lëtzebuerger Kënschtlerkollektiv, bekannt fir interdisziplinär a sitespezifesch Produktiounen 
  • Roude Fuedem duerch de roude Buedem: Projet vu Maskénada a 6 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere am Kader vun Esch2022 
  • Legend vu Lasauvage: Seechen iwwert déi wëll Fra aus dem Dall vun der Crosnière 
    Deutsche Umwelthilfe Podcast: Eng Podcastserie iwwert d’Themen zum Klima an Umweltschutz 
  • Shoegaze: Subgenre vum Indie Rock  
  • Memes for the Portugese: Musikalesche Projet vum Maxime Weber 
  • Death was a mistake: Anere Museksprojet vum Maxime Weber 
  • Useldenger Hiesel: Hieselterbësch bei Useldeng 
  • Treptower Park: Gréngfläch an der Stad Berlin 
  • Plänterwald: War zu Zäite vun der DDR e grousse Vergnügungspark am Oste vu Berlin 
  • Rewilding: Konzept fir nees méi Biodiversitéit an den urbane Raum ze bréngen 
  • Bongert Altenhoven: De Bongert ass mat sengen 1200 Uebstbeem, dee gréisste Bongert zu Lëtzebuerg.  
  • Fondation Hëllef fir d’Natur: Stëftung déi sech zënter 40 Joer engagéiert fir de Schutz vun der Natur an der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg. 
  • Kenns du de Minett: Geoquiz a Form vun engem Gesellschaftsspill iwwert de Minett, wat am leschte Joer vu Magicmultimedia, der Minett UNESCO Biosphere an Esch2022 erausbruecht gouf 
    Héichiewen: D’Héichiewe vun der fréierer Schmelz zu Esch-Belval. 
  • Himmel auf Erden: Sammlung vu Kuerzgeschichten aus Lëtzebuerg, déi aus dem Beräich vun der Science Fiction kommen 
  • Speculative fiction: e Genre vu Fiktioun, dee sech mat iwwernatierlechen, futuristeschen oder aneren Elementer aus der reeller Welt an doriwwer eraus befaasst.  
  • Hugo Gernsback: E lëtzebuergesch-amerikanesche Editeur a Schrëftsteller, deen als Papp vun der  Science Fiction gëllt. 
  • Hugo Awards: prestigiéis Auszeechnung vum Science Fiction, déi zënter 1955 all Joer iwwerreecht gëtt 
  • Tune into the future: en Dokumentarfilm iwwert de Popkultur-Phänomen “Science Fiction” 

 

De Podcast gëtt realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun:

Kontaktéiert eis:

+352 26 17 97 1