Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

MINETT MASH-UP: EPISOD 10 – JULIA RUHMANN X WIKKELHOUSE (BIERGEM) 

Minetter Kënschtlerin, déi sech fir eis Ëmwelt engagéiert 

 

An der Februar-Episod vun eisem „Minett Mash-Up“-Podcast geet eis Entdeckungsrees duerch d’Minett UNESCO Biosphere virun. Mir maachen nees Statioun um Minett Trail an hunn eis Invitée vun dëser Kéier an enger vun den 3 Kabaisercher vun der Gemeng Monnerech empfaangen. Dës Kabaisercher sinn direkt hannert dem Centre Culturel „Beim Nëssert“ zu Biergem ze fannen an dat speziellt Konzept hannert dëse Konstruktiounen ass ee vun de Sujeten an dëser Episod.

Konscht an d’Engagement fir eise Planéit sinn awer de Fokus vun dësem Podcast fir dee mir d’Julia Ruhmann invitéiert hunn. D’Julia ass vun Diddeleng an ewell zu Esch doheem, also richteg verbonne mam Minett.

Eise Gaascht: Julia Ruhmann 

Schonn als Kand huet d’Julia Ruhmann sech fir Konscht begeeschtert. Fantasie a Kreativitéit gehéieren fir hatt einfach zum Liewen. D’Julia huet Kommunikatiounsdesign zu Mainz studéiert a schafft an deem Job fir „Youth4Planet“ Lëtzebuerg.  

© Minett UNESCO Biosphere / IK-CNCI / MUAR

D’Julia Ruhmann engagéiert sech awer net just iwwert hir Aarbecht bei „Youth4Planet“, mä och als Kënschtlerin fir nohalteg Projeten. Vun all Konschtwierk, wat d’Julia verkeeft, geet en Deel vun de Recetten un ausgewielten ONGen, déi sech duerfir asetzen d’Ëmwelt ze schützen an d’Liewensqualitéit an anere Géigenden vun eisem Planéit ze verbesseren. Den Naturschutz ass just am deegleche Liewe wichteg fir d’Julia, mä d’Natur ass och en zentraalt Element a senger kënschtlerecherkënschtlerescher Kreativitéit. 

Facebook Instagram Youtube

 

Eis Minett-Location vum Mount: Biergem 

D’Gemeng Monnerech 

Biergem ass eng vun de véier Uertschafte vun der Gemeng Monnerech. Nieft Biergem a Monnerech gehéieren och nach Féiz a Steebrécken zu der 21,4 km2 grousser Gemeng, déi un der nërdlecher Grenz vun der Minett UNESCO Biosphere läit.

Am Géigesaz zu anere Gemengen am Süde vu Lëtzebuerg war d’Gemeng Monnerech ni industriell gepräägt, och wa vill vun hiren Awunner an de Glanzzäite vun der Lëtzebuerger Stolindustrie an de Schmelze laanscht déi franséisch Grenz geschafft hunn.

D‘Kabaische vum Mount: D’Wikkelhaiser vu Biergem 

2023 kënnt all Episod vun eisem Podcast aus enger Kabaische vum Minett Trail. Dëse Premium-Wanderwee, deen déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere op enger Längt vun 90 Kilometer matenee verbënnt, ass de roude Fuedem vun dëser Saison.

Fir eis Episod an der Gemeng Monnerech hu mir eise Gaascht an e Wikkelhouse invitéiert.

D’Konzept vum Wikkelhouse kënnt aus Holland. Et si kleng Haisercher, déi aus Kartrong gebaut ginn. Et ass en nohaltegt architektonescht Konzept op dat an der Gemeng Monnerech zeréckgegraff gouf, well et hei keng adequat historesch Bausubstanz gouf, déi hätt kënnen an e Gîte transforméiert ginn.

© Minett UNESCO Biosphere

Aus deem Grond sinn an deem klenge Park an ëffentleche Gaart hannert dem Biergemer Kulturzenter „Beim Nëssert“ och direkt dräi Kabaisercher entstanen, déi een individuell oder zesumme ka reservéieren. Bis zu 12 Gäscht kënnen an deenen dräi Wikkelhaiser iwwernuechten. 

Eise Quiz 

Südlech vu Biergem fënnt een d’Natura2000-Zon “Iewescht Uelzechtdall”. An dësem Naturschutzgebitt ass eng Villercherszort doheem, där ee soss héchstens nach am Sirdall bei Mënsbesch ka begéinen. Wéi eng? 

  1. De wäisse Stuerk (Weissstorch)
  2. De schwaarze Stuerk (Schwaarzstorch
  3. Den Uhu 

 

No der Renaturéierung vun der Uelzecht, mat där no den uergen Iwwerschwemmunge vun den 1990er Joren ugefaange gouf, huet et net laang gedauert bis datt de wäisse Stuerk an dëser neier Naturschutzzon en Doheem fonnt huet. Zënter iwwer 10 Joer kënnt de wäisse Stuerk heihinner a zitt reegelméisseg och Nowuess an der Minett UNESCO Biosphere op. 

Aus wei vill Schichte Kartong bestinn d’Wänn vun de Biergemer Kabaisercher?  

  1. 24 Schichten
  2. 44 Schichten  
  3. 64 Schichten  

 

Nieft de 24 Schichte Kartrong bestinn d’Wikkelhaiser aus enger Holzkonstruktioun, wou (esou wäit ewéi et méiglech ass) op lokaalt Holz zeréckgegraff gëtt, fir d’Wikkelhouse ze bauen. Well d’Konstruktioun aus Holz a Kartrong ass, brauch si kee Fundament a ka quasi iwwerall installéiert ginn. 

Linke bei d’Sujete vun dëser Episod:

 

De Podcast gëtt realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun:

 

Kontaktéiert eis:

+352 26 17 97 1