Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Minett Mash-Up – De Podcast

Episod 1: Mir stellen eis vir

Häerzlech wëllkomm zum Minett Mash-Up – de Podcast! An dëser éischter Teaser-Emissioun stelle mir eis fir, verroden méi iwwert de Podcast an wat iech erwaart. Wat awer schonn esou wäert sinn ewéi an all den Episoden, déi nach nokommen, ass de Fait, datt mir eise Podcast „on location“, also dobaussen, opgeholl hunn.

 

D’Plaz vum Mount

Fir den éischten Episod ware mer an d’Kärzon vum Prënzebierg an hunn eis virun der Entrée vun der Minn um Schlammefeld am Giele Botter getraff.

De Prënzebierg ass eng vun de 6 Kärzonen vun der Minett UNESCO Bisophere an ass duerch zwee beschëldert Wanderweeër beschtens erschloss. Dir kënnt méi e kuerze geologesche Pad trëppelen oder méi e laange Wee, dee vun der Naturverwaltung ugeluecht ginn ass.

De Minett Trail, dee fir Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad, iwwer 90 Kilometer duerch déi 11 Membergemengen vum Syndikat PRO-SUD wäert féieren, hëllt iech vun elo un natierlech och mat duerch de „Giele Botter“.

An no engem Tuer duerch d’Kärzon Prënzebierg vun der Minett UNESCO Biosphere bitt et sech un an de Minett Park Fond-de-Gras ze goen fir do den Dag op eng entspaante Manéier auskléngen ze loossen oder vun engem vun der weidere Wanderweeër ze profitéieren, déi hei fortginn.

Iwwert eis

De Podcast Minett Mash-Up ass eng Zesummenaarbecht tëscht der Minett UNESCO Biosphere (MUB), dem Musée vun der Aarbecht (MUAR) an der Asbl Industriekultur-CNCI.

D’Minett UNESCO Biosphärreservat besteet aus der ganzer Regioun vum Minett esou wéi allem wat dës enthält. Dat sinn déi natierlech Landshaften, d’Leit, Flora a Fauna an den industrielle Patrimoine. Zesumme mat senge ville Partner am Süden ass et de Syndikat PRO-SUD, deen verantwortlech ass fir d’Biosphär ze managen. Duerch d’Organisatioun vun Projeten mat regional Biergerbedeelegung, Sensibilisatiounsaarbecht a Fuerschung, soll déi nohalteg Entwécklung an d’Harmonie tëscht Mensch a Natur am Minett gefërdert ginn.De MUAR – Musée vun der Aarbecht ass eng Initiativ vun der Gemeng Käl am Kader vun „Esch 2022 – Europäesch Kulturhaaptstad“. De MUAR ass deen éischte Musée zum Thema Aarbecht zu Lëtzebuerg, deen als Musée ouni Maueren dem Visiteur d’Méiglechkeet gëtt d’Welt vun der Aarbecht, iwwer verschidde Manifestatiounen, wéi Seminären, Konferenzen, Concerten an informativ Workshoppen, aus verschiddene Bléckwénkelen ze entdecken. Mat dësem Projet soll den industriellen a kulturelle Patrimoine aus der Minettregioun komplettéiert ginn.

Industriekultur-CNCI asbl (Centre national de la culture industrielle) sëtzt sech an fir d’Industriekultur an den Industriepatrimoine zu Lëtzebuerg. E vun hiren Haaptziler ass et e kooperative Reseau opzebaue mat de Muséeën a Associatiounen déi am Beräich vun der Industriekultur aktiv sinn. Fir dass dëse Patrimoine fir weider Generatiounen erhale bleift, schafft den IK-CNCI ënnert anerem Konzepter aus fir al Industriegebaier a -sitte op kreativ Aart a Weis nei ze notzen. Iwwert interessant Projeten a praktesch Aktivitéiten bréngt d’Asbl de Leit d’Industriekultur méi no.