Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Minett Beyouthsphere Youth Forum

D‘Verännerung si mär!

 

THEY WERE READY FOR THE CHALLENGE!

“Mir waren op der Strooss, et gouf diskutéiert, et gouf vill Blabla an elo ass et Zäit fir ACTION!”

Dëst Fréijoer huet d’Minett UNESCO Biopshere Jonker, tëscht 18 an 29 Joer, d’Chance ginn an AKTIOUN ze trieden! An dat zesumme mat eise Partner:

Youth For Climate LuxembourgYouth4PlanetUpFoundationnatur&ëmweltVille de Differdange a mam Ministère fir Energie a Landesplanung

Mat diverse Workshoppen an Zesummenaarbecht mat Ëmweltspezialisten a Kënschtler goufen aktuell Ëmweltthematiken am Minett ugeschwat, konkret Léisunge fir si fonnt a se duerno viru wichtege regionalen an nationalen Decideure presentéiert, fir datt se ëmgesat ginn!

Samschdeg: Identifikatioun vun de Probleemer a Sich no Léisungen

De Weekend vum 23. a 24. Abrëll 2022 huet d’Minett UNESCO Biosphere, déi zënter 2020 Member am weltwäiten UNESCO-Programm „Man and the Biosphere“ ass, den éischte Jugendforum vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat organiséiert. Ronn 20 jonk Erwuessener tëscht 20 an 29 Joer aus den 11 Biosphäregemengen, dem Rescht vu Lëtzebuerg, aus Däitschland, Frankräich an esouguer aus Italien waren am pittoreske Mineursdierfche Lasauvage beim „Minett Beyouthsphere Youth Forum“ dobäi.

But war et d‘Jugendparticipatioun un der Aarbecht vun der Minett UNESCO Biosphere ze fërderen an déi Jonk aktiv an d’Entwécklung vum Biosphärereservat anzebannen. En plus huet de Jugendforum de Participanten d’Méiglechkeet gi konkret Proposë fir den Erhalt an d’Verbesserung vun der Biodiversitéit an der Regioun, fir d’Participatioun vun den Awunner a fir d’Ëmsetze vun de 17 UNESCO-Ziler fir nohalteg Entwécklung auszeschaffen.

D’Participanten, déi beim „Minett Beyouthsphere Youth Forum” dobäi waren, hunn e Samschdeg mat engem Rallye duerch d’Zowaasch ugefaangen. Hei hu se Wëssenschaftler begéint, déi dagdeeglech mat konkrete Probleemer am Beräich vum Ëmweltschutz an dem Erhale vun der Biodiversitéit ze dinn hunn. No engem intensiven Echange mat den Experte sinn an engem éischte Schratt a verschiddenen Aarbechtsgruppen dës konkret Probleemer identifizéiert ginn.

  • Redesign vun den Verhalensschëlder an den Naturschutzzonen

  • Vereinfachung vum nohaltege Bauen an der Minett UNESCO Biosphere

  • Erhalt vun traditionellen Uebst- a Geméiszorten

  • Reintroducktioun vun de Schmuebelen an urbane Gebidder

Am Laf vum Nomëtteg hunn d’Participante vum Jugendforum no Léisunge fir dës Probleemer gesicht an u Méiglechkeete geschafft, wéi déi proposéiert Léisungen och konkret kënnen ëmgesat ginn. An enger zweeter Phas gouf dës Léisungspropose mat der Hëllef vum Videokënschtler Jan Holler an der Grafikerin Alessandra Barale a kuerze Videoen an op Plakater zesummegefaasst, mat deenen déi aktiv Realisatioun vun den erschaffte Virschléi kann entaméiert ginn.

Um Samschdegowend hat d’Minett UNESCO Biosphere, zesumme mat der Stad Déifferdeng, d’Participante vum Jugendforum op en ëffentleche Gratisconcert vun den zwee Lëtzebuerger Museksacts „Culture the Kid“ a „Le Vibe“ an de Kulturzentrum „Aalt Stadhaus“ op Déifferdeng invitéiert. Viru gutt gefëlltem Haus konnten déi Jonk hei hier Kontakter, déi se am Laf vum Dag um Forum geknäppt haten, intensivéieren an den Owend labber ofschléissen.

Sonndeg: Presentatioun vun de Léisungsproposen

Den zweeten Dag vum Jugendforum stoung am Zeeche vun der Presentatioun vun de Resultater aus de Workshoppen. A Presenz vun der Anouk Boever-Thill, Presidentin vum Gemengesyndikat PRO-SUD, deen d’Minett UNESCO Bisophere geréiert, der Christiane Brassel-Rausch, Buergermeeschtesch vun Déifferdeng, der Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun a weidere Vertrieder aus Politik a Gesellschaft hunn d’Participante vum éischte Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere hir Resultater an Iwwerleeunge virgestallt.

An engem engagéierten a positive Meenungsaustausch goufen d’Suergen, d’Fuerderungen an Iddie vun den 20 jonke Leit mat de Responsabele vu Regioun a Land diskutéiert.

© PRO-SUD fir all d’Fotoen hei uewendriwwer

An den nächste Wochen a Méint wäert d’Minett UNESCO Biosphere elo no Weeër siche fir d’Iddien, déi um „Minett Beyouthsphere Youth Forum“ entstane sinn, ëmzesetzen. Dës wäert an enker Koordinatioun mat de wëssenschaftleche Partner a Membergemenge vum Biosphärereservat, esou wéi mat den duerfir zoustännege Ministèren um nationale Plang, geschéien.