ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Mam Vëlo vun Diddeleng an d’Stad

Dënschdeg, den 19. September 2023 um 6:35

Fir de Vëlo als alldeeglecht Transportmëttel, och op méi laange Strecken ze fërderen, invitéiert ProVelo Iech am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch an Zesummenaarbecht mat VELO Diddeleng mam Vëlo vun der Gare Diddeleng-Biereng bis op de Knuedler am Zentrum vun der Stad ze fueren.

Profitéiert vun der Geleeënheet a kommt den Dënschden, den 19. September, fir zesumme mat anere mam Vëlo op d’Aarbecht ze fueren. Weist wéi wichteg de Vëlo an Ärem Alldag ass!

Dir kënnt natierlech mat eis vun all Punkt laanscht de Wee bis op de Punkt vun Ärer Wiel matfueren.

  • 6:35 Depart bei der Gare Diddeleng-Biereng
  • 7:00 Statioun bei der Beetebuerger Kierch
  • 7:45 Statioun beim Stade de Luxembourg (op der Säit vum Bd. de Kockelscheuer)
  • 8:15 Arrivée um Knuedler

 

An den nächsten Deeg kënnen op Nofro vu Participanten op www.provelo.lu aner Startpunkte laanscht de Wee annoncéiert ginn. Op der Arrivée offréiert d’Stad Lëtzebuerg all deenen, déi matgefuer sinn, en plus e klenge Snack.

Weider Manifestatiounen an der Minett UNESCO Biosphere

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, vum 16. bis de 22. September, ginn nach aner Manifestatioune an de Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere proposéiert. 

D’Gemeng Beetebuerg organiséiert, zesumme mat der Gemeng Réiser, e Occasiouns-Vëlosmaart, dee schonn dëse Samschdeg 16. September ass. Zu Diddeleng ass dëse Samschdeg de BMX-Weltmeeschter Viki Gómez beim Dag vun der Mobilitéit op Besuch. D’Stad Esch proposéiert de Sonndeg, 17. September hiren Dag vun der doucer Mobilitéit an de Sonndeg, 24. September e Vëlostour mat Membere vum Schäfferot

De Mobilitéitsdag vun der Gemeng Péiteng ass dëse Samschdeg beim Centre Culturel zu Rodange an den nächsten Dënschdeg invitéiert d’Minett UNESCO Biosphere, zesumme mat IMS Luxembourg, der Stad Esch an der Gemeng Suessem op den Atelier “Vëlo um Belval“.