📀 Minettsdapp - De Song iwwert eis Biosphär 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Pascal Plein X Pompelhaus Metzeschmelz

Passioun fir d’Industriegeschicht

Wéi erzielt een d’Geschicht vun enger Regioun, déi vum Eisen, vum Stol a vun de Leit gepräägt gouf, déi hei geschafft a gelieft hunn? Am 53. Episod vum Minett Mash-Up hëlt de Pascal Plein eis mat op eng Plaz, wou d’industriellt Ierwe vum Minett nach ganz konkret ze spieren ass: an d’Pompelhaus op der Metzeschmelz. Tëscht klasséierte Monumenter, perséinlecher Passioun a kollektiver Erënnerung geet et ëm d’Fro, wéi dëst Patrimoine haut erzielt, gedeelt an erhale ka ginn.

Eis “Minett Location” vum Mount : Pompelhaus (Metzeschmelz)

Fir dësen Episod huet de Pascal Plein d’Location erausgesicht: d’Pompelhaus op der Metzeschmelz. Dës Plaz steet symbolesch fir déi industriell Vergaangenheet vum Minett a mécht däitlech, wéi enk Technik, Aarbecht, Waasser, Stolproduktioun a regional Identitéit matenee verbonne sinn.

D’Pompelhaus an de Waassertuerm si klasséiert Monumenter. Am Gespréich geet et dofir net nëmmen ëm d’Geschicht vun dëser Plaz, mee och ëm d’Fro, firwat esou Zeie vun der industrieller Entwécklung fir déi nächst Generatioune sollen erhale bleiwen.

Eise Gaascht: Pascal Plein

De Pascal Plein ass keen, dee selwer an de Galerie geschafft huet oder um Héichuewen aktiv war. Awer hie lieft de Minett, seng Geschicht, seng Industrie a seng Traditiounen. Seng Passioun fir d’industriell Kultur weist sech net nëmmen a sengem Wëssen, mee och a senger Sammlung an a sengem Engagement a verschiddenen Organisatiounen am Zesummenhang mam industrielle Patrimoine – hei am Land, am Saarland an a Frankräich.

Am Episod schwätze mir mat him iwwert seng perséinlech Verbindung zum Minett, iwwer manner bekannt Plazen, iwwer déi helleg Bärbel, Veräiner, Fräiwëlleger, d’Aarbechtskonditiounen am fréien 20. Joerhonnert an iwwer d’Roll vun Traditiounen an Erzielunge fir d’Erhale vun dësem kollektive Gediechtnes.

© Minett UNESCO Biosphere

Eise Quiz

Zu der Minetter Industriekultur gehéieren och eis al Dagebaugebidder. Wéi grouss war deenen hir Gesamtfläch, bis datt Enn vun den 1970er dat lescht Dagebaugebitt zougemaach gouf?

  1. Ongeféier 500 ha
  2. Ongeféier 1200 ha
  3. Ongeféier 1900 ha

 

An wéi engem Joer gouf déi éischt Gewerkschaft vun de Minnenaarbechter zu Lëtzebuerg gegrënnt?

  1. 1912
  2. 1916
  3. 1917

 

Wat war den Haaptproduit, den an der Schëfflenger Schmelz produzéiert gouf?

  1. D’Stolspundwänn – palplanches en acier
  2. De Walzdrot (a Stangen a Bobinnen) – fil machine
  3. D’Eisebunnsschinne – rails de chemin de fer

 

Links zu de Sujete vun dësem Episod

  • Metzeschmelz – Site vun der fréierer Schmelz Esch-Schëffleng, déi bis an d’2010er produzéiert huet an elo an e neie Quartier transforméiert gëtt
  • Pompelhaus B vun der Schmelz Esch-Schëffleng – Gebai um Site vun der Schmelz, wat haut ënner Denkmalschutz steet
  • Belval – éischt Friche am Süden, déi an e Wunn- a Liewensquartier ëmgewandelt gëtt
  • AGORA – Sociétéit, déi al Frichen am Süden nei amenagéiert
  • Schmelzaarbechtermusée – Musée um Site vun der Schmelz Esch-Schëffleng
  • Ongléck vu Luisenthal – grousst Accident an enger Kuelegrouf am Saarland
  • Léiffrächen – Kärzon vun der Minett Biosphere a Plaz wou un d’Mineuren erënnert gëtt, déi hiert Liewen an de Lëtzebuerger Minne verluer hunn
  • Thillebierg – lescht Minn vum Land, déi zougemaach ginn ass, am November 1981
  • Bärbelendag – immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg a grouss Traditioun am Minett
  • Streik vun 1912 – Éischte grousse Streik an der Lëtzebuerger Eisenindustrie, deen zu Déifferdeng op der Schmelz war
  • Biergaarbechterlidd – Traditionellt Lidd vun de Lëtzebuerger Mineuren

 

Kontaktéiert eis

    +352 26 17 97 1