Am Mäerz 2025 féiert eis de Podcast “Minett Mash-Up” an d’Stad Diddeleng, wou mer en interessanten Austausch mam Député-Maire Dan Biancalana haten. Hien huet eis als Comitésmember vum Syndicat PRO-SUD empfaangen an zesumme mat eisem Gaascht si mir op eng Entdeckungsrees duerch dës dynamesch Südgemeng gaangen.
Eis „Minett-Location“ vum Mount: Mémorial Porte d’Italie
Eise Rendez-vous war beim Mémorial „Porte d’Italie“, eng Skulptur vun der Kënschtlerin Yvette Gastauer-Claire aus dem Joer 2007. Dëst Monument steet als Symbol fir déi éischt italieenesch Aarbechter, déi Enn vum 19. Joerhonnert op Diddeleng komm sinn, fir an der Eisenindustrie ze schaffen.
D’Plaz läit um Hiwwel vum Quartier Italien, iwwer der Stad Diddeleng, a bitt e wonnerschéinen Ausbléck op déi fréier Diddelenger Schmelz, de Floater, den CNA an eriwwer op de Ginzebierg, mam Sendemast vun RTL.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© CNCI / Pascal Plein
Eise Gaascht: Dan Biancalana
Den Dan Biancalana, dee selwer italieenesch Wuerzelen huet, ass zënter iwwer 10 Joer Buergermeeschter vun Diddeleng. Als Deputéierten an der Chamber a Co-Präsident vun der LSAP ass hien e wichtege politeschen Acteur am Land.
An eisem Gespréich hu mer mat him iwwert déi rezent Erneierung vum Diddelenger Duerfkär, iwwert den zukünftege Quartier „Neischmelz“ an “Sustainable Urban Mobility Plan” geschwat. Weider Sujete war den nationale Konschtarchiv, deen zu Diddeleng geplangt ass, d’Natur- an Noerhuelungsgebidder ronderëm Diddeleng an déi sëlleg Bongerten, déi an der Stad un der franséischer Grenz am urbane Raum gëtt.
Eise Quiz
A wéi engem Joer gouf d’Gare „Dudelange-Usine“ a Betrib geholl?
- 1886*
- 1903
- 1921
D’Kantin op Neischmelz: Wat war do virdrun?
- eng Kantin fir d’Aarbechter
- e Lokomotivatelier*
- e Lager fir Ersatzdeeler fir d’Schmelzen
D’Haard ass dat gréisst zesummenhänkend Naturschutzgebitt vum Land. Ma wéi grouss ass dat ganzt Areal tëscht Diddeleng, Käl-Téiteng a Rëmeleng an Hektar?
- 284 ha
- 594 ha*
- 904 ha
Links bei d’Sujete vun dësem Episod:
- Vëlo Diddeleng: Veräin, deen sech fir d’Promotioun vum Vëlo zu Diddeleng asetzt
- SUMP: Sustainable Urban Mobility Plan vun der Stad Diddeleng
- Mémorial Porte d’Italie: Denkmal fir déi éischt italieenesch Awanderer, déi de Wee op Diddeleng fonnt hunn
- Ginzebierg: Noerhuelungsgebitt vun der Stad Diddeleng mam RTL-Sendemast op sengem Sommet
- Haard: Gréisst Naturschutzgebitt aus Lëtzebuerg a Kärzon vun der Minett Biosphere
- Quartier Neischmelz: Projet fir d’Friche vun der Diddelenger Schmelz an en neie Stadquartier ze verwandelen
- Lokomotiv-Atelier: Historescht Gebai vun der Schmelz an deem haut e Restaurant an eng Mikro-Brauerei ënnerbruecht sinn
- VeWa: Tiers lieu culturel um Site vum zukünftege Quartier Nei Schmelz
- Konschtarchiv Diddeleng: Kulturelle Projet, deen an den nächste Joren zu Diddeleng soll realiséiert ginn
- Laangebierg: Fréier Minière um Gebitt vun der Stad Diddeleng
- Bongerten: fräi zougänglech Uebstgäert um Territoire vun der Stad Diddeleng
Kontaktéiert eis:
![]() |
![]() |
![]() |