Job-Contact Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Laurent Zeimet & Jean Marie Jans X Collartsschlass

 

2025 geet den Tuer duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere virun. An dësem Joer begéine mer deenen 11 Buergermeeschteren an de Vertrieder vun all de PRO-SUD-Gemengen am Comité vun eisem Gemengesyndikat, fir mat hinnen iwwert hir Gemeng, hiert industriellt Ierwen, hiren natierleche Patrimoine a villes méi ze schwätzen.

An enger neier Rubrik teste mir dëst ganzt Joer och wéi accessibel déi eenzel Plazen, déi eis Gäscht sech erausgesicht hunn, fir de Podcast opzehuelen, mam ëffentechen Transport sinn.

Den Optakt vun eiser Rees queesch duerch d’Minett UNESCO Biosphere ass zu Beetebuerg.

Eis „Minett-Location“ vum Mount: D‘Collartsschlass

Fir d’Opnam vum 1. Podcast vun der neier Saison hate mer Rendez-vous am fréiere Bureau vun der Famill Collart, eng Entrepreneurs- an Industriellefamill, deem senger Famill d’Schlass, wat 1733 gebaut gouf, zënter 1807 gehéiert hat.

1971 ass d’Schlass vun der Famill Collart un d’Gemeng Beetebuerg verkaf ginn, déi, no gréisseren Ëmbauaarbechten, zënter den 1990er hei hir Administratioun ënnerbruecht huet.

© Minett UNESCO Biosphere

Eis Gäscht: Laurent Zeimet a Jean Marie Jans

Fir den éischten Episod vum Minett Mash-Up an dësem Joer hate mer direkt zwee Gäscht. De Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet an de Schäffen a PRO-SUD-Comitésmember Jean Marie Jans.

Mam Laurent Zeimet hu mer iwwert säi Wee an d’Politik, seng berufflech Erfarungen am Journalismus an den Challenge geschwat, wéi een als Député-Maire Politik a Famill ënnert een Hutt ka kréien.

De Jean Marie Jans huet mat eis iwwert d’Mobilitéitskonzept vu Beetebuerg geschwat, hien huet eis verrode firwat hien als „richtege“ Beetebuerger zu Klierf op d’Welt komm ass an datt hien all Fréijoer mat Spannung op ee ganz speziellen Awunner vu senger Gemeng waart.

Eise Quiz:

Um wéi vill Auer kënnt moies deen éischten direkten Zuch vu Rëmeleng an der Näerzenger Gare un?  

  1. 5h36
  2. 6h36*
  3. 7h36

 

Nieft der Celula gouf et nach eng zweet Molkerei zu Beetebuerg. Wéi huet déi geheescht?

  1. Ekabe (Emile Kalmes à Bettembourg)*
  2. Frolux (Stad)
  3. Laicol (Colmar)

 

A wéi engem Joer ass de Bongert Altenhoven ënnert Naturschutz gestallt ginn?

  1. 1986
  2. 1992
  3. 1998*

 

Links bei d’Sujeten aus dësem Episod:

  • Beetebuerg: Offiziell Homepage vun der Gemeng
  • Laurent Zeimet: Buergermeeschter vun der Gemeng Beetebuerg
  • Jean Marie Jans: Mobilitéitsschäffe vun der Gemeng Beetebuerg a Comitésmember vum Syndicat PRO-SUD
  • Mobilitéit.lu: De kompletten ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg
  • De Vëlo zu Beetebuerg: Komplett Kaart vun all de Vëlosweeër an der Gemeng Beetebuerg
  • LiteraTour: grousse Literaturfestival zu Beetebuerg
  • Schlass Collart: Historescht Gebai an deem d’Beetebuerger Gemeng hire Sëtz huet
  • Celula: fréier Molkerei, déi an den 1990er a Wunn- a Geschäftsraim ëmgewandelt gouf
  • Zillefabrick zu Beetebuerg: Industriell Anlag, déi bis Enn vun den 1960er Zille produzéiert huet
  • Luxemburger Wort: Dageszeitung bei där de Laurent Zeimet als Student an duerno Journalist geschafft huet
  • Chambre des députés: Offizielle Site vum Lëtzebuerger Parlament
  • Bongert Altenhoven: Naturschutzgebitt zu Beetebuerg a gréisste Bongert zu Lëtzebuerg. Dëse Bongert ass eng vun de Pufferzon vun der Minett Biosphere
  • Beetebuerger Bësch: weidert Naturschutzgebitt zu Beetebuerg a Pufferzon vun der Minett Biopshere
  • Parc Merveilleux: eng vun de gréissten Touristenattraktioune vu ganz Lëtzebuerg
  • De Ris geet op d’Rees: BD a Parcours duerch d’Gemeng Beetebuerg mam Ris aus dem Beetebuerger Park

 

Kontaktéiert eis:

          +352 26 17 97 1