Verbesserung vun der Vëlosmobilitéit am Süden
D’Minett UNESCO Biosphere hat den 2. Oktober Vertrieder vun den technesche Servicer, souwéi vun de Verkéiers- a Mobilitéitsservicer vun den eelef Membergemenge vum Syndicat PRO-SUD op eng Aarbechtsreunioun invitéiert. Wärend dëser Reunioun gouf de Bilan vun den Aarbechten aus de leschte Méint virgestallt.
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Um Wee zu enger méi aktiver Mobilitéit an engem besser verbonnene Reseau
An de leschte Joren huet sech d’Fro vun der Mobilitéit an de Aktivitéitszonen an der Südregioun stänneg weiderentwéckelt. Eng Ëmfro, déi 2017 gemaach gouf, huet gewisen, datt 88 % vun de Leit, déi do schaffen, mam Auto pendelen. Am Verglach dozou huet nëmmen 1 % vun de Leit de Vëlo benotzt. Dës Realitéit huet d’Autoritéiten dozou bruecht, déi existent Vëlosinfrastruktur méi genee ënner d’Lupp ze huelen an z’iwwerleeë wéi dës ka verbessert ginn.
Onzouräichend Infrastruktur, mee Potenzial fir Verännerung
Eng Etüd vum Bureau d’études TRIDEE, déi 2018-19 duerchgefouert gouf, huet verschidde Mängel am Vëlosreseau vun der Südregioun opgedeckt:
• Vëlosweeër, déi schlecht fir Ufänger gëeegent sinn
• Sécher Vëlosweeër, déi vun net ausgebauten an eventuell geféierleche Sektiounen ënnerbrach ginn
• E Mangel u Verbindungen tëscht de verschiddene Gemengen
• En dicht Stroossennetz, wat d’Entwécklung vu kohärente Vëlosrouten erschwéiert
Eng Etüd um Terrain, déi 2023 gemaach gouf, huet awer e grousst Potenzial gewisen: D’Bierger wiere bereet, de Vëlo fir de Wee op d’Aarbecht ze benotzen, ënnert der Viraussetzung, datt eng gëeegent a sécher Infrastruktur zur Verfügung steet.
Biergerbedeelegung fir “Missings Links” z’identifizéieren
Am Fréijoer 2024 hunn d’Minett UNESCO Biosphär an d’ASBL Pro-Velo Ateliere mat den Awunner zu Esch, Diddeleng an Déifferdeng organiséiert, fir déi feelend Verbindungen am Vëlosreseau ze identifizéieren. Parallel dozou gouf eng detailléiert Ëmfro duerchgefouert, fir d’Motivatiounen an d’Hindernisser bei der Notzung vum Vëlo besser ze verstoen.
D’Resultater weisen, datt Vëlofueren an der Famill, d’Virdeeler fir d’Gesondheet an d’Praktikabilitéit motivéierend Facteure sinn. Wéi och ëmmer bleiwen d’Suerge punkto Verkéierssécherheet, Konflikter mat Automobilisten an de Mangel u gëeegenter Infrastruktur grouss Hindernisser fir eng méi verbreeten Notzung vum Vëlo.
Dëse partizipative Prozess huet et erméiglecht, eng präzis Kaart vun de prioritär noutwennege Verbesserungen opzestellen. D’Donnéeën, déi gesammelt goufen, kënnen den interesséierte Gemengen als Basis déngen, fir e konkrete Plang ze entwéckelen, deen eng sécher a duerchgehend Vëlosinfrastruktur am Süde vu Lëtzebuerg garantéiert.
Propositiounen an zukünfteg Schrëtt
Op der Reunioun vum 2. Oktober huet Pro-Velo eng Kaart vun de “Missing Links” an der Südregioun presentéiert a bestëmmte Vëlosinfrastrukturen als prioritär klasséiert, fir esou de Vëlosreseau ze komplettéieren. Weider huet e Vertrieder aus dem Ministère fir Landesplanung déi potenziell staatlech Hëllefe virgestallt, vun deenen d’Gemenge beim Bau vun neier Vëlosinfrastruktur profitéiere kënnen.
Als nächst Schrëtt fir d’Minett Biosphere sinn elo d’Ausschaffe vun enger gemeinsamer regionaler Demande fir Subsiden, souwéi eng Presentatioun virun de lokale Politiker ugeduecht.
Dës Initiativ versprécht, d’Konnektivitéit an d’Sécherheet vum Vëlosreseau wesentlech ze verbesseren an doduerch zu enger méi nohalteger a méi zougänglecher Mobilitéit an eisem Biosphärereservat bäizedroen.