Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Entdeckt de Minett Nature Explorer: Eis Ateliere fir Jonker Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Summerschoul vun eisem Partner CNCI

Vum 16. bis den 19. Juli proposéiert eise Partner CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) eng Summerschoul fir Kanner tëscht 8 an 11 Joer.

   

Eng Woch laang léieren op eng pedagogesch-kreativ Manéier d’Aarbecht ze verstoen, déi eis Regioun am 19. An 20. Joerhonnert gepräägt huet. Vum Ofbau vun der Minette iwwert d’Fabrikatioun vum Eisen bis bei de Fonctionnement vun den Héichiewen, wäerten déi Jonk eng Woch laang an dës faszinant Welt andauchen.

D’Summerschoul dauert all Dag vun 9:30 bis 17:00 Auer. Eng Participatioun un der ganzer Woch kascht 120€ pro Kand. D’Mini-Schmelz gëtt vun CNCI organiséiert an dat an Zesummenaarbecht mat der Entente Mine Cockerill, der Minett UNESCO Biosphere, dem FerroForum, der ANF an dem CNA.

Fir weider Informatiounen a fir Äert Kand / Är Kanner unzemellen klickt hei.

De Programm vun der CNCI Summerschoul: