Gëschter hu mer zu Diddeleng, déi zwee Escape Games, déi am Fréijoer mat 4 Schoulklasse vu Suessem, Esch, Diddeleng a Schëffleng zesummen entwéckelt goufe presentéiert.
Mat dësen interaktive Spiller kënne Jonker tëscht 10 an 13 Joer an Zukunft als Schoulklassen oder Gruppen déi al Dagebaugebitter entdecken a spilleresch méi iwwert d’Biodiversitéit, d’Geologie an déi industriell Vergaangenheet vun dësen Naturschutzgebitter léieren.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Fir d’Virstellung vun den zwee Escape Games hate mir zwou vun de véier Klassen an d‘Naturschutzgebitt Haard invitéiert, wou d’Schüler se, no enger kuerzer Presentatioun, mat vill Spaass getest hunn.
Un der Entwécklung vun de Spiller waren net nëmme Grondschoulklassen aus véier vun den eelef Membergemenge vun der Minett UNESCO Biosphere bedeelegt. Fir de Gameplay an d’Ëmsetzung vun de Spiller konnte mir op d’Erfarungen vun den zwou franséische Firme Luth Médiations an NatureEcho zréckgräifen. Luth Médiations ass spezialiséiert op d’Valoriséiere vun touristeschen Naturraim an NatureEcho op d’Entwécklung vu Gameplay fir ëmweltpädagogesch Léierspiller.
Déi zwee Escape Games sinn op Däitsch. Se wäerte Jugendgruppen an Zukunft a Rucksäck zur Verfügung gestallt ginn, déi an den Ateliere vu Cooperations zu Wolz gebitzt goufen. Dat recycléiert Material, aus deem d’Rucksäck bestinn, si al Reklammscalicoten, déi eis frëndlecherweis vun der Fotografin Jessica Theis, der Stad Déifferdeng, an der Gemeng Péiteng zur Verfügung gestallt goufen.
Déi zwee Escape Games kënnen ab elo direkt bei der Minett UNESCO Biosphere ausgeléint ginn. D’Spill „Die Zeitreisenden“ féiert d’Spiller duerch d’Naturschutzgebitt „Giele Botter“ tëscht Péiteng an Déifferdeng, an „Die Rebellion der Nymphen“ gëtt an der Biosphärekärzon vun der „Haard“ tëscht Diddeleng, Käl-Téiteng a Rëmeleng gespillt.