Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Mir schmaachen de Fréijoersbësch

Dëse Weekend haten d’Participante vun eisem Workshop d’Chance, de Fréijoersbësch zesumme mat der Kräiderpedagogin Christiane Laures ze schmaachen. Den Atelier huet um Sonndegmoie mat engem klenge Quiz ugefaangen, wou et un den Teilnehmer war fir iessbar a gëfteg Planzen, déi op engem Dësch ausgestallt waren, z’identifizéieren an ze benennen. E Schwéierpunkt gouf op déi aktuell iessbar wëll Kraider an hir gëfteg “Doppelgänger” geluecht. D’Participante konnten hei och Froe stellen, fir esou hir Kenntnisser iwwert d’Kraider a Planzen an eise Bëscher ze erweideren.

Den Atelier ass du mat enger Wanderung duerch den Ellergronn virgaangen. Hei huet d’Grupp déi Planzen identifizéiert, déi se virdrunner kennegeléiert haten, an et sinn e puer wëll Fréijoerskraider gesammelt ginn, mat deenen duerno gekacht ginn ass. Aktuell fënnt een am Ellergronn vill Scharbockskraut an och jonk Brennnesselen.

Zeréck am Naturschutzzentrum, hunn d’Leit, déi beim Workshop dobäi waren, frëschen Douglas-Dännentéi genoss, dee just mat den Nole vun dësem Bam an e bëssen Hunneg gemaach gouf. Duerno huet d’Grupp sech an dräi méi kleng Gruppen opgedeelt, fir dräi Gäng ze kachen. Um Menü stounge frësche Kéis mat wëlle Kraider op frëscher Baguette, eng Brennnesselszopp, an e Bärlauch-Risotto. No der Preparatioun vun dëse “wëlle” Köstlechkeeten sinn dës am grousse Krees zesumme genoss ginn.