De Summerbësch bitt eng Panoplie u Planzen, déi en iesse kann a mat deenen een einfach, awer kreativ Platen zoubereede kann, déi jidderengem schmaachen.
Genee ëm dës Planze goung et de Samschdeg, 10. August, bei eiser Aktivitéit „De Bësch schmaachen“. 16 Leit sinn zesumme mat der Kraiderpedagogin Christiane Laures am Ellergronn op d’Sich no iessbare Planze gaangen a se hunn der fonnt! No der Kollekt an de Bëscher vun engem vun den eelsten Naturschutzgebitter vu ganz Lëtzebuerg, huet d’Kraiderpedagogin de Participanten nach eng Rei aner Planze gewisen, déi een aktuell oder ganz geschwënn an de Bëscher vun der Minett Biosphere ka fannen.
Duerno huet de Grupp d’Planzen, déi se fonnt haten, zesumme preparéiert an et gouf e komplette Menü gezaubert, deen duerno gemeinsam op der Terrass vun Natursschutzzentrum Ellergronn giess ginn ass.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
De Summermenü
Um Menü stoung als Apero e klenge Wiesenbärenklau-Vodka-Tonic, begleet vu Schnittercher mat Wëllkraiderbotter an iessbare Blummen. Viru gaangen ass et du mat enger mediterraner Fenchelzalot mat Päerdsbier an dem Som vum Wiesenbärenklau. Als Haaptplat ass Dinkelschrot mat wëlle Kraider am Deegmantel, begleet vun enger Bloderkrautsom-Aioli zervéiert ginn an den Dessert war eng Cassata mat Vogelbeeren-Chutney.