Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Entdeckt de Minett Nature Explorer: Eis Ateliere fir Jonker Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Liichtverschmotzung: Eng grouss ekologesch Erausfuerderung

Déi ekologesch Servicer vun den eelef Membergemengen vum Syndikat PRO-SUD, deen d’Minett UNESCO Biosphere geréiert, si leschten Donneschdeg zu Péiteng zesummekomm. Den Haaptthema vun dëser Reunioun war en dacks vernoléissegten Ëmweltproblem: d’Auswierkunge vun der Liichtverschmotzung op d’Biodiversitéit an der Nuecht.

Eng Gefor fir den natierleche Räichtum

Fir den Ufank vun der Reunioun huet de Jan Herr, vun der Naturverwaltung (ANF) eng aktuell Etüd presentéiert, déi fir de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit duerchgefouert gouf. Dës Etüd weist eng besuergneserreegend Situatioun an den Naturschutzzone vum Minett.

De Süde vu Lëtzebuerg huet en aussergewéinlechen ekologesche Räichtum opweises. Net manner wéi 870 Aarte vun Nuetspäiperleken, déi op en däischtert Ëmfeld fir hiert Iwwerliewen ugewise sinn, sinn am Minett doheem. Och Fliedermais, déi déi al Dagebaugebidder a Minièren als Iwwerwanterungs- a Fortplanzungsrevéier benotzen, sinn duerch d’Zouhuele vun der Liichtverschmotzung bedreet.

De Phenomeen vum “Skyglow” – déi kënschtlech Beliichtung vum Nuetshimmel – stéiert d’Ekosystemer besonnesch, andeems esou Insekten aus hiren natierleche Liewensraim an d’Stied gelackelt ginn.

 

Konkret Léisunge fir eng vernënfteg Beliichtung

Den Daniel Gliedner, Liichtberoder vum Naturpark Our, huet duerno de Gemengevertrieder seng Aarbecht erkläert. Hien setzt sech fir eng pragmatesche Beliichtung an, déi op zwee einfache Prinzippie baséiert: nëmmen da beliichten, wann et néideg ass, a just dat beliichten, wat beliicht muss ginn. Dës Strategie berout op véier Haaptachsen:

  • D’Kontroll vun der Liichtintensitéit 
  • D’Optimisatioun vun der Stralungsgeometrie 
  • D’Beuechtung vun der Faarftemperatur 
  • Déi intelligent Gestioun vun de Beliichtungszäiten 

 

Diskussioun iwwer méiglech Mesuren

No den zwou Presentatiounen hunn d’Vertrieder vun den ekologesche Servicer sech iwwer d’Méiglechkeeten zum Kampf géint d’Liichtverschmotzung ausgetosch. Nieft der Sensibiliséierung, si konkret Mesurë besprach ginn, déi an enger nächster Phas zesumme vun der Naturverwaltung (ANF), der Minett UNESCO Biosphere an den eelef Gemengen entwéckelt kéinte ginn, fir se duerno de gewielte Vertrieder vun der Regioun virzestellen.

Méi Informatiounen iwwer gutt Beliichtungspraktiken gëtt et op www.liichtberodung.lu.