Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Liewensmëttelpunkt goes Minett UNESCO Biosphere

Iwwer zwanzeg Produzenten, Veraarbechter a Vertrieder vu Bildungsstrukture waren den 11. Oktober bei engem interregionale Workshop mam Titel “Liewensmëttelpunkt goes Minett UNESCO Biosphere” dobäi.

Dësen interregionalen Atelier, fir en nohaltege Liewensmëttelsystem ze fërderen, gouf am Kader vum Nordstadprojet “Liewensmëttelpunkt” organiséiert. Dëse Projet baséiert op fënnef strategeschen Achsen: Ausbildung a Sensibiliséierung, Ënnerstëtzung vu Produktioun, Marketing a Logistik, Austausch vu Praktiken a Léierspiralen, Innovatioun an Training an territoriale Marketing. D’Initiativ ass Deel vun der Vision Territoriale vun der Nordstad, déi als Zil huet global a lokal Erausfuerderungen unzegoen a probéiert regional Connectiounen an deene verschiddene Beräicher ze schafen, déi hei uewendriwwer ernimmt sinn.

D’Evenement, organiséiert an enker Zesummenaarbecht tëscht dem Gemengesyndikat Nordstad an dem Gemengesyndikat PRO-SUD, deen d’Minett UNESCO Biosphere geréiert, huet de Participanten d’Méiglechkeet gebuede regional „Best Practice“-Projeten, wéi d'”Minetter Schof“, eng Initiativ, déi den Naturschutz mat der Produktioun vu Qualitéitsfleesch kombinéiert, an “Eis Epicerie” zu Zolwer, e Buttek, dee biologesch Produiten zu korrekte Präisser ubitt, kennenzeléieren. Den Erfarungsaustausch, deen iwwer de ganzen Dag, Temoignagen an Diskussiounen tëscht de Participanten ze bidden hat, huet d’Wichtegkeet vun Zesummeschaffe beliicht fir d’Visibilitéit an d’Offer u lokale Liewensmëttel aus Lëtzebuerg ze verbesseren.

Ënnerstëtzung vun der lokaler Produktioun

Den Iwwergank zu engem méi nohaltege Liewensmëttelsystem, deen um globalen Niveau als noutwendeg ugesi gëtt, ass, souwuel fir d’Minett UNESCO Biosphere wéi och fir d’Nordstad, eng Prioritéit fir déi global (Schutz vun der Natur a Biodiversitéit a Bekämpfung vum Klimawandel) an déi lokal Erausfuerderungen (sozial, Gesondheets-, wirtschaftlech Probleemer) ze meeschteren.

D’Zil vum Workshop den 11. Oktober war et, Synergien tëscht de Produzenten ze schafen, fir datt et hinnen an Zukunft méi einfach geléngt, sech selwer ze strukturéieren an sech ze trauen, Projeten z‘entwéckelen, fir lokal Qualitéitsprodukter aus Lëtzebuerg ze valoriséieren an hir Offer ze steigeren. Dës Zort vun Ateliere sinn Inkubatoren, déi probéiere bottom-up Initiativen ze kreéieren.

© Syndicat PRO-SUD / Minett UNESCO Biosphere

Oflaf vum interregionale Workshop

Den Dagesprogramm war an zwee gedeelt. Moies stoungen thematesch Visitten um Programm, am Nomëtteg Atelieren an den direkten Austausch. Déi thematesch Visitt moies hunn et de Participanten erlaabt “Best Practice”-Beispiller aus der Regioun z’entdecken, sech un dësen Initiativen z’inspiréieren, Erfolleger ze gesinn a Probleemer a Schwieregkeete verstoen ze kënnen.

Minetter Schof

Am Kader vum interregionalen Atelier “Liewensmëttelpunkt goes Minett UNESCO Biosphere” hat de Grupp, zesummegesat aus Participanten aus béide Regiounen, d’Méiglechkeet de Projet “Minetter Schof” ze besichen, eng Zesummenaarbecht tëscht engem Produzent, der Naturverwaltung (ANF) an der Minett UNESCO Biosphere. No engem klenge Spadséiergank op d’Plaz, wou d’Schof grad weeden, hunn den Initiateur vum Projet, Pol Kail, an de Jan Herr, dee bei der ANF responsabel ass fir d’Gestioun vun den Naturschutzzonen an de fréiere Minetter Dagebaugebitter, de Projet erkläert. Hei ginn Naturschutz, Protektioun vun der Landschaft, Aarteschutz, Produktioun vu Qualitéitsfleesch an d‘Vermaartung vun dësem lokale Produit aus dem eenzege Biosphärereservat vum Land kombinéiert. D’Schofsfleesch, dat esou kommerzialiséiert ka ginn, ass beim Mëttegiessen am Restaurant “An der Schmëdd” am Ellergronn geschmaacht ginn.

Eis Epicerie

De Grupp huet dunn de Projet “Eis Epicerie” zu Zolwer besicht, wou d’Initiateure vum Projet, d’Myriam Cecchetti an de Jos Piscitelli, déi speziell Approche vun dëser Epicerie erkläert hunn, déi Bio-Produiten zu Präisser, déi vum engem groussen Deel vun der Bevëlkerung bezuelt kënne ginn, ubitt. Den Accès zu gesonden, lokalen a saisonale Liewensmëttel ass ee vun der Haaptschwéierpunkte vun der Approche vum „Liewensmëttelpunkt“ an der Nordstad. D’Participante vum interregionale Meeting hunn Zäit zesumme verbruecht a sech esou besser kennegeléiert. Dëst huet d’Schaffen an den Echange als Ekipp am Nomëtteg méi einfach gemaach.

Atelieren an Echange

De Workshop-Deel am Nomëtteg huet mat enger kuerzer Aféierung ugefaangen. Siwe Participanten, dräi aus der Nordregioun a véier aus der Südregioun, hunn hir Projeten, hir Geschicht, Finanzéierung, Aarbechtsmethoden (Personal, Struktur, Zäitengagement) presentéiert a besonnesche Wäert op d’Lektioune geluecht, déi si aus hire Projete gezunn hunn. Duerno stoungen Diskussiounen an e Workshop fir Iddien ze generéieren um Programm. Dëst huet zu engem fruchtbaren Austausch tëscht de Participante gefouert.

Um Enn vun der Manifestatioun huet sech de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, Claude Haagen, iwwert d’Resultater informéiere gelooss an e puer Wierder un d’Participante vum interregionale Workshop geriicht. A senger Interventioun huet de Minister ënnerstrach, dass d’Erausfuerderungen, déi sech aus de Changementer an de globale Wuereflëss erginn, déi duerch de Klimawandel a Krichsakten, déi géint internationaalt Recht verstoussen, entstinn, d’Produktioun vu lokalen, biologeschen a saisonale Produiten ëmmer méi wichteg maachen. Hie huet seng Freed iwwert Initiative wéi de “Liewensmëttelpunkt” an der Nordstad an d’Zesummenaarbecht tëscht de Regiounen am Grand-Duché an dësem Beräich ausgedréckt.

Ofschloss vun der Renconter tëscht den Acteuren aus der Nordstad an der Minett UNESCO Biosphere, déi vun den zwee Gemengesyndikater an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Energie a Landesplanung an dem Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung organiséiert gouf, war en Éierewäin, deen op der Terrasse vun der Brasserie “An der Schmëdd” zerwéiert ginn ass.

© Syndicat PRO-SUD / Minett UNESCO Biosphere