🏞 Unesco Geodiversity Day 2025 - Entdeckt eis geologesch Villfalt 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Internationalen Dag vun de Bëscher

Source: www.fao.org

Am Joer 2012 huet d’Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen den 21. Mäerz zum Internationalen Dag vun de Bëscher erkläert.

D’Sekretariat vum Bëschforum vun de Vereenten Natiounen an d’Ernierungs- a Landwirtschaftsorganisatioun vun de Vereenten Nationen (FAO) organiséieren all Joer d’Aktivitéiten am Kader vun dësem Dag a schaffen duerfir mat verschiddene Partner zesummen, déi sech mam Sujet befaassen.

Mat dësem Dag soll d’Ëffentlechkeet duerfir sensibiliséiert ginn, wéi wichteg all Zorte vu Bëscher a Beem fir eisen Ökosystem sinn.

© Marc Weis

Ze wäertvoll fir se ze verléieren

Wa mir e Glas Waasser drénken, an en Notizbuch schreiwen, Medikamenter géint Féiwer huelen oder en Haus bauen, gesi mer dacks kee Lien tëscht deenen Aktivitéiten an de Bëscher. An awer sinn all dës a vill aner Aspekter vun eisem deegleche Liewen op déi eng oder aner Manéier mam Bësch verbonnen.

Bëscher, hir nohalteg Exploitatioun an d‘Notze vun hire Ressourcë si wesentlech Elementer an der Lutte géint de Klimachangement an erméiglechen et, der aktueller an zukünftege Generatioune Wuelstand a Prosperitéit z’erméiglechen. Bëscher spillen och eng essentiell Roll bei der Lutte géint d’Aarmut an d’Ëmsetze vun de 17 Ziler fir nohalteg Entwécklung, déi UNO festgehalen huet.

Obschonns all dës wäertvoll ökologesch, ekonomesch, sozial a gesondheetlech Virdeeler vun der Bëscher bekannt sinn, geet de Verloscht u Bëscher weltwäit ongebremst virun.

All Joer gi mam internationalen Dag vun de Bëscher Länner dozou encouragéiert fir lokal, national an international Initiativen am Zesummenhang mat de Bëscher z’ergräifen, zum Beispill Campagnë fir nei Beem ze planzen. De alljärleche Sujet vum international Dag vun de Bëscher gëtt vun der Collaborative Partnership on Forests (CPF) eraus gesicht.

Bëscher: eng nohalteg Produktioun an eng nohalteg Notzung

Holz gëtt a ville Kiche genotzt fir Iessen drop ze preparéieren, Holz baut weltwäit Miwwel, ersetzt schiedlech Materialien ewéi Plastik, schaaft eng Basis fir Kleeder an hëlleft eis an der Medezin oder beim Erschléisse vum Weltall.

Et ass fir de Planéit a seng Awunner ëmsou méi wichteg fir Holz op eng méi ëmweltfrëndlech Manéier ze verbrauchen an ze produzéieren. Et läit un eis all dës Ressource, déi einfach erneiert ka ginn, duerch méi eng Nohaltegkeet Notzung vun de Bëscher ze schützen.

Foto vum Maddie Franz vu pexels.com

Scho gewosst?

  • An de Bëscher si weltwäit iwwer 60000 verschidde Bamaarten ze fannen a se sinn en Doheem fir ronn 80% vun der terrestrescher Biodiversitéit.
  • Méi ewéi eng Milliard Mënschen si fir hir Ernierung, hire Logement, hir Energie, fir Medikamenter an hiert Akommes direkt vun de Bëscher ofhängeg.
  • All Joer gi weltwäit ronn 10 Milliounen Hektar Bësch verluer – déi Surface entsprécht ongeféier der Gréisst vun Island.

Zousätzlech Links:

Offizielle Website vum Dag (FAO)

Bewäertung vun de globale Bëschressourcen (2020)

Artikel iwwer aner Weltdeeg:

Internationalen Dag vun de Fraen a Meedercher an der Wëssenschaft (11.02.2022)

Weltdag vun de Fiichtgebitter (02.02.2022)

Weltdag der Ëmweltedukatioun (26.01.2022)