An hirem zéng Woche laange Stage huet d’Marie Alisée Mathevet eng digital Story Map als Deel vun hirer Masteraarbecht am Kader vun hirem Geschichtsstudium erstallt.
Dës Kaart weist d’Entwécklung vun der gréisster Kärzon vun der Minett UNESCO Biosphere, dem Naturschutzgebitt Haard-Hesselsbierg-Staebierg, vun engem Dagebau, wou d’Minett ofgebaut gouf, bis hin zu engem Hotspot fir Biodiversitéit a Aartevillfalt. Zousätzlech zu dëser Transformatioun weist d’Story Map och wéi wichteg d’Minièren an d’Eisenindustrie fir d’Gemengen Diddeleng, Käl-Téiteng a Rëmeleng, déi un dës Kärzon vun eiser Biosphär grenzen, waren a sinn.
D’StoryMap “De Rouille et d’Herbe Fraîche” (Vu Rascht a frëschem Gras) invitéiert d’Besicher, e puer vun den ikoneschen Uerter vum Naturschutzgebitt “Haard-Hesselsbierg-Staebierg”, Kärzon vun der Minett UNESCO Biosphere, ze entdecken, an interessant Informatiounen iwwer d’Minett-Regioun an hire Wandel vun engem Industriegebitt hin zu enger Plaz ze kréien, wou d’Natur an Innovatiounen opbléien.
Legend
![]() |
Kuckenswäert Punkte mat méi Informatiounen fannt Dir am Abschnitt “Waaat nach?” |
![]() |
Waaat nach? |
![]() |
Conclusioun |
|
A) |
Vergaangenheet |
|
B) |
Géigewaart |



