Um Freideg, den 13. Oktober 2023 ass de Kommitee vum Gemengesyndikat fir d’Promotioun an d’Entwécklung vun der Südregioun (PRO-SUD) eng éischte Kéier no de Gemengewale vum 11. Juni 2023 a senger neier Kompositioun zesummekomm.
Um Ordre du Jour stoung d’Wiel vum neie President vum Gemengesyndikat. De Georges MISCHO (CSV, Esch-Uelzecht) war eenzege Kandidat an ass ouni Géigestëmm op senge Posten als President confirméiert ginn.
No senger Wiel huet de Georges MISCHO d’Ëmsetze vun der Déclaration d’intention fir eng gemeinsam Dekarboniséierung vun der Südregioun, deen am Kader vum 20. Joresdag vu PRO-SUD vun den 11 Gemengen ënnerschriwwe gouf, d’Mise en place vun enger koordinéierter regionaler Landesplanung, den Erhalt vum Ierwe vun Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad an d’Zesummenaarbecht mat de Nopeschgemengen aus der Grenzregioun als Prioritéite vu sengem neie Mandat genannt.
Nieft dem President sinn och d’Membere vum neie PRO-SUD-Büro mat engem geheime Vott gewielt ginn. Et sinn dat d’Madamm Anouk BOEVER-THILL (CSV, Monnerech), den Här Guy BRECHT (LSAP, Péiteng) an den Här Erny MULLER (LSAP, Déifferdeng).
Nieft dem President an de Bürosmemberen sinn (an alphabetescher Reiefolleg) och dës Politiker*inne Member vum neie PRO-SUD-Kommitee:
- Simone ASSELBORN-BINTZ (LSAP, Suessem)
- Dan BIANCALANA (LSAP, Diddeleng)
- Henri HAINE (LSAP, Rëmeleng)
- Jean Marie JANS (CSV, Beetebuerg)
- Jean WEILER (CSV, Käl-Téiteng)
- Paul WEIMERSKIRCH (CSV, Schëffleng)
- Michel WOLTER (CSV, Käerjeng)