Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Formatioun fir Enseignanten: Vegetatioun an den Dagebaugebitter

Entwécklung a Renaturéierung

© Marc Weis

D’Villfalt u Liewensraim an Aarten an de fréieren Dagebaugebitter vum Minett – Eng Excursioun mam thematesche Schwéierpunkt „Entwécklung a Renaturéierung“. D’Exkursioun gräift e Sujet op, dee virun allem fir Persounen, déi an der Südregioun liewen, léieren oder enseignéieren, interessant ass. Et geet ëm den Ofbau vun der Minette am Dagebau, deen d’Landschaft op eng déifgräifend Manéier verännert huet, an ëm d’Zeréckkomme vu Planzen an Déieren no Enn vun der industrieller Aktivitéit. Haut sinn d’Moundlandschafte vu fréier wéinst hirer Diversitéit, a punkto Liewensraim, Déieren a Planzen, dacks an de Reseau vun nationalen an internationale Schutzgebitter integréiert. Wéi konnten dës Diversitéit, d’Eenzegaartegkeet an d’Schéinheet vun dëse Gebitter entstoen? Wéi kënnen se erhale ginn?

Zil vun der Formatioun:

D’Participante léieren d’Virdeeler vum Anschauungsunterricht um Terrain kennen.

No der Formatioun sinn d’Participanten am Stand:

  • Potenzialer vu Plaze fir dobaussen ze léieren anzeschätzen
  • Eege kleng Projeten ze plangen an ze realiséieren

 

D’Participante kréien:

  • eng Basis an der Biodiversitéit fir Planzen ze bestëmmen a Biotopen z’erkennen
  • um Beispill vun der Haard Informatiounen iwwert d’Dagebaugebitter, déi och bei Ausflich an aner fréier Dagebaugebitter vum Minett kënne benotzt ginn

 

D’Excursioun wëll Léierpersonal dozou animéieren, déi behandelt Aspekter an de (Biologies-)Coursen ze benotzen a vergläichbar Kuerz- oder Dagesausflich fir Klassen oder Atelieren unzebidden.

© Marc Weis

Praktesch Detailer:

D’Formatioun ass e Samschdeg, de 9. Juli vun 9.30 bis 12.30 zu Diddeleng an der Haard. De Rendez-vous ass beim Parking um Eck vun der Rue Schortgen an der Route de Kayl.

All Enseignant ka sech hei aschreiwen.