Fräi Plaz: Mir sichen e Coordinateur général Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Escher Klimawoch vum 13.05. bis 17.05.

D’Stad Esch stellt hir Klimawoch dëst Joer an d’Zeeche vun de Beem a Bëscher: d’Beschützer vum Klima.

Dës Woch bitt eng Geleeënheet fir déi fundamental Roll vun de Beem a Bëscher an eiser Ëmwelt a fir eis Liewensqualitéit ze entdecken a besser ze verstoen. Beem maachen eis Loft propper, reguléieren de Klima, bidde Liewensraum fir vill verschidden Aarten a spenden eis Schiet a Wuelbefannen. Am Kontext vun den Erausfuerderungen, déi mam Klimawandel op eis duerkommen, musse mir eis dofir asetzen, eist natierlecht Ierwen ze erhalen an iwwer d’Roll vun de Beem an eise Stied nozedenken. Beem sinn en effektiivt Mëttel fir den Hëtztstress ze reduzéieren, deen ëmmer méi heefeg wäert ginn.

An deem Kontext organiséiert d’Stad Esch eng Rei Manifestatiounen ronderëm Beem a Bëscher.

13.05.: Filmvirféierung „Le chêne“

Dësen Dokumentarfilm ouni Dialog, deen 2023 de César fir de beschten Dokumentarfilm krut, weist d’Liewe vun enger 210 Joer aler Eech an all hire Bewunner queesch duerch all d’Joreszäiten.

Fir méi Detailer a fir Iech unzemellen: Klickt hei

14.05.: Konferenz „De Bësch vun der Zukunft“ 

Den däitsche Bëschexpert Martin Janner schwätzt op dëser Konferenz iwwer konkret Léisungen a wichteg Moossname fir eis Bëscher ze erhalen, an dat am Kontext vun den Ëmwelterausfuerderunge vu muer. De Georges Kugener (ANF) mécht eng Aféierung zur Konferenz mat engem Iwwerbléck iwwer den aktuellen Zoustand vun de Bëscher zu Lëtzebuerg.

Fir méi Detailer a fir Iech unzemellen: Klickt hei

15.05.: Filmvirféierung „Le génie des arbres“ 

Beem sinn a alle Klimazonen ze fannen a kënnen an extreme Konditiounen iwwerliewen. Trotzdeem mécht de beschleunegte Klimawandel se fragil. An dësem Film ginn déi onschätzbar Roll an déi aussergewéinlech Fäegkeete vun de Beem beliicht.

Fir méi Detailer a fir Iech unzemellen: Klickt hei

17.05.: Bierger-Forum fir de Klima 

D’Klimawoch gëtt ofgeschloss mat engem Biergerforum, deen sech op de Gesondheetszoustand vun eise Bëscher, d’Upassung vun hirer Gestioun an d’Virdeeler vu Beem a grénge Plazen an der eise Stied konzentréiert.

Fir méi Detailer a fir Iech unzemellen: Klickt hei