Am Kader vun den Deeg vun der Biodiversitéit, déi d’Minett UNESCO Biosphere organiséiert, invitéiert IMS Luxembourg an Zesummenaarbecht mam ‘naturmusée‘ op e speziellen Dag sur place fir Entreprisen.
Um Programm steht d’Realisatioun, zesumme mat engem Botaniker vu Sound Ecology, vun engem Herbarium am Naturschutzgebitt vum Ellergronn. Zil ass et, déi iwwerraschend Villfalt vum Biosphärereservat an dat natierlecht Ierwe vu Lëtzebuerg z’entdecken. Dës Aktivitéit erméiglecht et Iech, Äert Wëssen iwwer déi verschidden Aarten ze developpéieren an et mat Ärer Famill ze deelen. Et ass och eng gutt Geleeënheet, de Respekt fir Fauna a Flora ze promouvéieren an d’Roll, déi Entreprisen beim Erhale vun eiser lokaler Biodiversitéit an hiren Ökosystemer kënne spillen, z’entdecken.
![]() |
![]() |
![]() |
© PRO-SUD – Minett UNESCO Biosphere – Lucie Majerus
D’Visitt geet mat engem Networking-Moment bei engem lokalen a saisonale Mëttegiessen op en Enn.
Wéini? Donneschdeg, den 11. Mee, vun 09:00 Uhr bis 13:00 Auer
Wou? Ellergronn 6, L-4114 Esch-Uelzecht / Wann Dir interesséiert sidd: Eng Transportméiglechkeet aus der Stad ka vun IMS offréiert ginn.
Fir wien? All Persoun, déi an enger Entreprise schafft, déi bei IMS Member ass
Manifestatioun op franséisch
Limitéiert Zuel u Plazen


