📀 Minettsdapp - De Song iwwert eis Biosphär 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
arrow
quote quote

D’Woll vum Minetter Schof verschaffen

Op sechs Datumer hu sechs Grondschoulklassen aus der ganzer Minett UNESCO Biosphere d’Woll vum rouden Ardenner Schof entdeckt an engem prakteschen Atelier de Wee vun der réier Faser bis zum selwer gewiefte Bändche kenne geléiert.

Wou kënnt eis Woll hier, wéi eng Eegenschaften huet si a wéi gëtt si verschafft? Am Oktober hu sechs Klassen aus Grondschoulen aus der ganzer Regioun an engem praktesche Workshop mam Nicolas Meiers d’Welt vun der Minetter Woll entdeckt. Am Mëttelpunkt stoung d’Woll vum rouden Ardenner Schof, enger Schofsrass, déi och an den Naturschutzgebidder vun der Minett Biosphere ënnerwee ass, fir hei déi oppe Grasflächen z’erhalen. Duerch d’Beweedung droen d’Schof dozou bäi, d’Biodiversitéit ze erhalen an déi u sech vunenee getrennte Kärzone vun der Minett Biosphere ze verbannen.

© Minett UNESCO Biosphere

Mat Mikroskopen, Waasser a Feier hunn d’Kanner d’Eegenschafte vun der Woll erfuerscht. Dobäi hunn si geléiert, firwat dëst natierlecht Material esou villsäiteg ass a wéi eng Produiten doraus entstoe kënnen.

Duerno goung et un d’Handwierk: D’Schülerinnen a Schüler hunn déi réi Woll geklappt an opgelackert, se kardéiert, fir d’Faseren ze kämmen, an observéiert, wéi e Fuedem gesponne gëtt. Zum Ofschloss konnten si selwer aktiv ginn an hiren eegene Bracelet wiewen. Esou hunn si all d’Etappe vun der Veraarbechtung erlieft – vun der réier Woll bis zum fäerdege gewiefte Bändchen. Och d’Filze gouf als weider Veraarbechtungstechnik virgestallt.

Weider Datumer am Joer 2027

Dir sidd Enseignant a wëllt dëse Workshop mat Ärer Klass erliewen? Fir den Ufank vun 2027 si weider Datumer geplangt. Mellt Iech fir eisen Newsletter un, da gitt Dir als Éischt informéiert, soubal déi nei Datumer feststinn.