Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

D’Vilfalt vun der Minett Biosphere als Famill entdecken

Wann Dir nach op der Sich no Iddie fir Familljenausflich sidd, deen Dir dësen oder soss e Weekend kënnt ënnerhuelen, hei fannt Dir sechs kuerz, mee ofwiesslungsräich Wanderungen, déi virun allem fir Kanner interessant sinn an Iech e flotten Abléck an d’Vilfalt vun der Natur an de Liewensraim vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärenreservat ginn.

Léierpad Dumontshaff (Schëffleng)

Dëse Circuit mat Depart an Arrivée beim Fussballsterrain zu Schëffleng erméiglecht et der ganzer Famill, dat renaturéiert Flossdall vun der Uelzecht op engem ganz informative Léierpad a  virun der impressionanter Naturkuliss vun dësem Fiichtgebitt ze entdecken. Ënnerwee gitt Dir méi méi iwwert Iwwerschwemmungen an hiren Notze fir dëse besonneschen Naturraum gewuer. Ausserdeem begéint Dir hei ville geschützte Vullenaarten, deenen hiert Schutzgebitt en Deel vum europäesche Reseau vun den Natura-2000-Gebidder ass.

De bal 5 Kilometer laangen Trëppeltour fänkt op engem ëffentleche Parking un. Vun der Schëfflenger Gare aus, erreecht Dir den Ausgangspunkt vun der Wanderung a manner wéi 10 Minutten.

Fir méi Detailer iwwer dëse Léierpad: hei klicken

© Commune de Schifflange

Parc Le’h – Kannerwanderwee (Diddeleng)

Op dësem Wee duerch eng vun de grénge Longe vun der Stad Diddeleng erwaarden d’Kanner 11 verschidde Statiounen, wou si spilleresch eppes iwwer Diddeleng, seng Geschicht an déi villfälteg Natur vum Minett léiere kënnen. Zwou Spillplaze laanscht de Wee bidden zousätzleche Spaass an Oflenkung. No der Wanderung kënne sech Grouss a Kleng am Kiosque vum Park erfrëschen.

De Wanderwee fir kleng Entdecker ass bal 1,5 Kilometer laang an ouni Schwieregkeeten ze bewältegen.

Fir Detailer iwwer de Kannerwanderwee: hei klicken

© ORT Sud / VisitMinett

Lauschter-Wanderwee Butschebuerg (Diddeleng)

De Gehaansbierg, deen sech nieft Butschebuerg erhieft, ass eng Plaz voller Soen a Legenden: eng verzaubert Prinzessin, Klacken, eng komesch Schlaang an eng Glous, déi sech a Gold verwandelt, gehéieren zum Soeschatz vum Lëtzebuerger Land.

Op der Place Gymnich ass de Startpunkt vun dësem Wanderwee, deen sech iwwer 10 Statioune streckt, wou een all Kéiers iwwer e QR-Code d’Soe vun Diddeleng a 4 verschidde Sprooche lauschtere kann. D’Zil vum Wee ass sech um Sommet vum Gehaansbierg mat senger imposanter Buergruin an engem spektakulären Ausbléck iwwer de ganze Süde vu Lëtzebuerg.

Fir de ganzen Tour mat sengen 10 Statiounen an enger Längt vu bal 2,5 Kilometer sollt ee ronn 90 Minutte virgesinn.

Fir Detailer iwwer de Butschebuerger Lauschter-Wanderwee: hei klicken

© Ville de Dudelange

De Ris geet op d’Rees (Beetebuerg)

Mat sengen 10 Meter Héicht a sengem faarwege Kostüm waart de Ris vum “Parc Merveilleux” zënter senger Ouverture am Joer 1955 op d’Visiteure vum Déieren- a Märchepark. Virun e puer Joer ass de “Ris” awer och op Entdeckungsrees gaangen. Dës Rees, déi een an enger Bande dessinée mat him ka maachen, kann een och reell mat der ganzer Famill ënnerhuelen.

Dir suivéiert dem Ris seng Spueren op engem Parcours duerch ganz Beetebuerg, entdeckt d’Geschicht un Augmented-Reality-Statiounen (e Smartphone mat Internetconnectioun ass néideg), gesitt Skulpturen an aner Konschtwierker op enger Streck vu ronn 6 Kilometer oder engem méi laangen Tour vun 10 Kilometer. Start an Zil si beim Fussballsterrain vu Beetebuerg.

Fir Detailer iwwer de Risewee: hei klicken

© Commune de Bettembourg / www.deris.info

De Märchewee (Déifferdeng)

Op dësem, ronn engem Kilometer laange Wee schloe Kannerhäerzer méi séier. Laanscht de Wee ginn op sechs Statioune verschidde Märercher mat Hëllef originellen Holzskulpturen erzielt. Vum Pinocchio bis bei de “Klenge roude Léiw” vun der lokaler Autorin Mireille Weiten-De Waha, steet bei all Statioun de Spaass am Mëttelpunkt. Déi Kleng musse verschidden Erausfuerderunge meeschteren a kënne sech esou richteg ameséieren.

Start an Zil vum dësem kuerzen Trëppeltour ass bei der Déifferdenger “Vëlosschoul” op der Kopp vum Metzkimmert, vu wou aus een och en herrleche Bléck op déi ganz Stad mat hirem imposante Stolwierk huet.

Fir Detailer iwwer de Märchewee: hei klicken

© Ville de Differdange

De Sentier vun der Crosnière (Lasauvage)

An engem e bëssen ofgeleeënen Dall, direkt un der franséischer Grenz, verstoppt sech d’Uertschaft Lasauvage, déi sech bis haut de Charme vun engem Biergaarbechterduerf erhale konnt. De Circuit vun der Crosnière geet laanscht déi kleng Grenzbaach, déi dëst Dall geformt huet. Um Wee gëtt et eng Abberzuel kuerz Ofzweigungen, déi all Kéiers interessant Informatiounen iwwer d’Natur vu Lasauvage a déi kleng Baach bidden.

De bal 4 km laange Wee ass liicht ze goen an no der Wanderung kann een sech an engem vun de Restaurante vu Lasauvage stäerken.

Fir Detailer iwwer dëse Circuit: hei klicken

© Ville de Differdange