📀 Minettsdapp - De Song iwwert eis Biosphär 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
arrow
quote quote

D’Metzeschmelz entdecken

MOOD – Metzeschmelz Official Opening Day

Dëse Samschdeg, 8. Oktober 2022

Maacht mat beim Entstoe vun engem neie Quartier tëscht der Stad Esch/Uelzecht an der Gemeng Schëffleng.

“MOOD” ass dat Evenement, deen eis am Häerz vum Projet “Metzeschmelz” zesumme bréngt.

Wärend dësem Dag gi Visites guidéeën op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch organiséiert, fir d’Geschicht vum Site an d’Potenzial vum zukünftege Quartier z’entdecken. Dir kënnt mat Experten (Architekten, Stadplaner, Politiker) diskutéieren, déi um Projet schaffen, d’Stadvisioun entdecken, informativ Filmer kucken, Konferenzen iwwer den zukünftege Quartier lauschteren an un participativen Atelieren deelhuelen.

 

Hei sinn d’Themen, déi an den Ateliere vun dësem Entdeckungsdag vum Projet “Metzeschmelz” behandelt ginn:

  • Biergerbedeelegung: Wéi kollektiv Intelligenz, Co-Kreatioun a Biergerbedeelegung d’Liewensqualitéit am zukünftege Quartier Metzeschmelz optimiséieren.
  • Gebaier an hir Notzung – Eng gemëscht an diversifizéiert Stad: D’Identitéit vum neie Quartier Metzeschmelz verbënnt eng „utilisation mixte“, attraktiv ëffentlech Plazen an innovativ Gebaier. De Standpunkt vun engem vun den Designer vum Projet wäert de Sujet vun dëser Konferenz sinn.
  • Mobilitéit: Presentatioun vun der Mobilitéitsstrategie, déi an der Zukunftsvisioun vu Metzeschmelz eng grouss Roll spillt: Low Car Concept, Aktiv Mobilitéit, Ëffentlechen Transport.
  • Nohalteg Entwécklung: Den Ekoquartier Metzeschmelz ass Deel vum Gesamtprozess vun der Dekarboniséierung an dem Iwwergank zur Klimaneutralitéit
  • Stadplanung: Duerch Konzepter wéi d’Opfänke vu Reewaasser an d’Entwécklung vu Gréngflächen, wëll AGORA e resiliente Quartier mat héichqualitativen, nohaltege Wunnraim schafen.
  • Patrimoine: De Projet Metzeschmelz, mat senger Stolvergaangenheet, wäert de remarkabelen industrielle Patrimoine vum Site integréieren a valoriséieren.

 

Fir matzemaachen, invitéiere mir jidderee sech am Viraus online unzemellen – dat geet iwwer déi offiziell Websäit vum Event. D’Porte Ouverte ass vun 11:00 bis 17:00 an Dir kënnt mat der ganzer Famill laanschtkommen. Fir Iessen a Gedrénks ass sur place gesuergt.