Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten
arrow
quote quote

De Gesang vun der Bëschléierchen (27. Mäerz)

De Sonndeg, 27. Mäerz, geet et op Entdeckungstour an d’Kärzon Schëfflengerbierg-Lallengerbierg vun der Minett UNESCO Biosphere. Am Kader vun eise MiNELL-Aktivitéiten, Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab, kënnt dir un enger guidéierter Wanderung deelhuelen, fir ee vun den heemleche Stare vun eisem Biosphärereservat kennen ze léieren: D’Bëschléierchen.

Umelle kënnt dir iech hei: MiNELL – De Gesang vun der Bëschléierchen

© Jàn Svetlík published on Flickr

Uganks Mäerz kënnt d’Bëschléierchen aus Südeuropa, wou si iwwerwantert huet, zeréck an d’Minett UNESCO Biosphere. No hirer Arrivée geet d’Sich no Partner lass. Dës Sich gëtt vum charakteristesche Gesang vun de Männercher begleet, déi esou probéieren eng Partnerin fir sech ze gewannen.

Enn Mäerz ass also en idealen Zäitpunkt fir d’Bëschléierchen an hirem natierlechen Habitat ze beobachten.

Interaktive MiNELL-Workshop de 27. Mäerz

De Sonndeg, 27. Mäerz kënnt dir mam Biolog Jan Herr, de Responsabele fir déi al Dagebaugebitter an der Minett UNESCO Biosphere, d’Bëschléierche kenneléieren. De Wëssenschaftler vun der Naturverwaltung erkläert d’Schutzmoossnamen an d’Participante kréien d’Méiglechkeet de seelene Awunner vum Minett z’entdecken a kennen ze léieren. Och Informatiounen iwwert d’Protectiounsmesuren, déi fir den Erhalt vum Liewensraum an der Bëschéiercherspopulatioun geholl ginn, ginn erkläert an de Jan Herr weist, wat konkret um Terrain fir d’Revalorisatioun vun dësem Habitat gemaach gëtt.

© Jan Herr / Foto vun enger Plaz, déi fir de Schutz vun der Bëschléierchen amenagéiert gouf

Den Depart vun der ongeféier 4 Kilometer laanger Wanderung (Durée: circa 3 Stonnen) ass um 8:30 um Parking vum Stade Jean Jacoby zu Schëffleng. Fest Schong a Kleedung, déi dem Wieder ugepasst ass, si genee esou nëtzlech ewéi och eng Spektiv, fir d’Bëschléierche besser kënnen ze kucken. D’Erklärunge bei der Observatioun vun der Bëschléierche gëtt et op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.

Streng geschützt an der ganzer europäescher Unioun

D’Bëschléierchen ass staark menacéiert a steet duerfir ënner besonneschem Schutz. Zu Lëtzebuerg gëtt déi gesamt Populatioun op knapp 30 Koppele geschat. Et ass e Villchen, deen um Buedem bréit an dat virum allem op Dréchewisen. Dëse Fait setzt den Nowuess schonn de Geforen duerch Predateuren ewéi Fuuss, Marder a Wëllschwäin aus.

Dobäi kommen dann och Perturbatiounen, déi dacks duerch de Mënsch verursaacht ginn, wann dësen a senger Fräizäit duerch d’Schutzzonen trëppelt oder mam Mountainbike fiert.

Duerch eng ganz Panoplie vu Schutzmesuren an de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere setzt sech d’Naturverwaltung konkret fir den Erhalt an d’Ausbreede vun der Bëschléierchen an hire Liewensraim an. Éischt positiv Entwécklunge sinn erkennbar. Esou ass d’Unzuel vu Bëschléiercherskoppelen am eenzege Lëtzebuergesche Biosphärereservat tëscht 2019 an 2021 vun 19 op 23 Koppele geklommen.

© COPIL Natura 2000 Minett (ANF)