Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Christian Weis neie PRO-SUD-President

E Méindeg, den 22. Januar, ass de Comité vum Gemengesyndikat PRO-SUD fir seng éischt Reunioun vum Joer 2024 zesummekomm. Mat dobäi war och eng éischte Kéier den Escher Buergermeeschter Christian Weis, deen de Poste vun der Stad vun der Stad Esch, nodeems de Georges Mischo am November demissionéiert hat, iwwerhuel huet. 

Um Ordre du Jour stoungen d’Wiel vun engem neie Bürosmember an d’Wiel vun engem Successeur vum Georges Mischo un der Spëtzt vum PRO-SUD. De Christian Weis, deen eenzege Kandidat fir dës zwee Posten, ass vun de Membere vum Comité unanime zum neie PRO-SUD-President gewielt ginn. 

Nieft dem Christian Weis bleiwen den Erny Muller (Vizepresident), d’Anouk Boever-Thill an de Guy Brecht Member am Büro vu PRO-SUD.

An enger éischter Stellungnam no senger Wiel huet de Christian Weis de Comitésmembere Merci gesot fir hiert Vertrauen. Hie huet ënnerstrach, datt et fir hien eng Éier ass sech, zesumme mat der Vertrieder vun den anere Membergemengen, un der Spëtzt vum Gemengesyndikat fir eng nohalteg an zukunftsorientéiert Entwécklung vun der Südregioun am Sënn vun hire Gemengen a virun allem den Awunner vum Minett z’engagéieren.

Fotoe vum Christian Weis

Dës Fotoe kënnen fir Publikatiounen an der Press benotzt ginn.
Copyright: © Emile Hengen / Ville d’Esch-sur-Alzette