Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Bioklimatesch Etüd fir eis Regioun virgestallt

Dësen Dënschdeg, den 22. Oktober, hunn de Claude Meisch, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, de Christian Weis, President vum interkommunale Syndikat PRO-SUD a Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht, an den Dr. Jürgen Junk, Fuerscher am Departement Environmental Research and Innovation vum Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST), d’Resultater vun der Etude « Stadtklimaanalyse für die Region PRO-SUD » virgestallt.

Dës Analyse vum urbane Bioklima vun den eelef Membergemengen vum Syndicat PRO-SUD gouf vun der Firma GEO-NET vun Hannover an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) duerchgefouert. Si gëtt en Iwwerbléck vun Hëtzinselen, Gebitter an deene kal Loft entsteet an analyséiert déi lokal Konsequenze vum Klimawandel. D‘Etüd proposéiert doriwwer eraus Adaptatiounsstrategien fir d’Impakter op d’Awunner vun eiser Regioun sou kleng wéi méiglech ze halen.

© Ministère du Logement et de l’Aménagement du Territoire / Minett UNESCO Biosphere

Stied, besonnesch déi dicht bebauten Stadzentren, wäerte méi a méi vun Hëtzwellë betraff sinn, déi duerch de Klimawandel verursaacht ginn. Dës urbane Hëtzewellen trieden am Summer op a gi favoriséiert duerch e niddregen Austausch vun Loftmassen an engem héijen Undeel u versiggelte Flächen an den Stadzentren. Dat féiert dozou, datt dës Gebitter nuets manner séier auskille kënnen, ewéi manner urban Gebitter an d’Hëtzt sech hei staut.

Déi bioklimatesch Etude, déi 2023/24 duerchgefouert gouf, huet urban Hëtzinselen, d’Plazen wour kal Loft entsteet an d’Beweegung vu kaler Loft an der Regioun an enger Opléisung vun 5×5 Meter identifizéiert. D’Analyse deckt déi aktuell Situatioun of a weist Prognosen fir d’Period 2031-2060. Dës sinn op Basis vum IPCC Szenario RCP4.5 erstallt ginn. Doriwwer eraus proposéiert d’Etude konkret Handlungsempfeelunge fir déi urbanistesch Entwécklung, mat deenen den Impakt vum zukünftege Klimawandel op d’Stied a Dierfer vun der Minett UNESCO Biosphere reduzéiert ka ginn.

Mat dëser Etüd kann eis Regioun resilient entwéckelt ginn

No der Presentatioun vun der Etüd huet de Claude Meisch betount, datt „ee vun den Haaptprinzippie vun der Landesplanung ass, eist Land méi resilient ze maachen, an dës Etude erlaabt et eis, eis besser unzezepassen, ze reagéieren an d’Liewensqualitéit, trotz den Auswierkunge vum Klimawandel, ze halen an ze verbesseren. D’Studie bestätegt nach eng Kéier, datt d’Versigelung vu Flächen den thermesche Stress an eisen Uertschafte wesentlech erhéicht. De Fait, datt d’Etude e breet gefächerte Katalog vu konkrete Moossname proposéiert fir déi thermesch Situatioun ze verbesseren, ass e weidert Instrument fir d’Ëmsetzung vum Usaz aus dem PDAT.“

Fir de Christian Weis bitt d’Etude „konkret Handlungsvirschléi un, fir déi urban Zentere vun den 11 Membergemengen vum Minett UNESCO Biosphere méi resilient géint déi klimatesch Erausfuerderungen ze maachen, an och wichteg Informatiounen, fir d’Gebidder wou kal Loftstréimungen entstinn ze schützen an d’Korridoren, duerch déi dës natierlech Ofkillung an urbaniséiert Gebidder fléisse kann, z’erhalen.“

Den Jürgen Junk vum Departement Environmental Research and Innovation vum Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) huet betount, datt „de Moossnamekatalog, deen am Kader vun der Etude ausgeschafft gouf, den Urbanisten elo zur Verfügung steet fir urbanistesch Adaptatioune wéi d‘Schafe vu Gréng- a Waasserflächen oder Frëschloftkoridoren ëmzesetzen. Dës Recommandatioune kënnen hëllefen, déi urban Gebidder ofkillen an déi erwaarten Effekter vum Klimawandel an den Dierfer a Stied vun der PRO-SUD Regioun ze reduzéieren“.

Déi komplett bioklimatesch Etüd

Déi ganz Etude (an däitscher Sprooch) ass am PDF-Format hei disponibel.

E Pressedossier mat engem Resumé vun der Etüd (op Franséisch) kann hei erofgeluede ginn

Detailléiert Kaarte vun der aktueller Situatioun (Hëtzinselen, Beräicher fir kal Loftproduktioun an d‘Bunnen an deenen, déi kal Loft fléisse kann) an den 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere si fräi zougänglech op www.geoportail.lu.

Artikelen an der Press

Du végétal et de l’eau pour freiner la chaleur dans les villes – L’Essentiel.lu (22.10.2024)

Hëtztwellen an Nidderschléi wäerten zouhuelen, urbanistesch Géigemesuren néideg – RTL Radio Lëtzebuerg (Reportage 22.10.2024)

L’urgence d’éviter les 46°C dans nos centres-villes – Le Quotidien (Titelstory 23.10.2024)

Un mur végétal de 100m2 va fleurir au coeur de Differdange – L’Essentiel (Editioun vum 23.10.2024)

Pro-Sud-Gemeinden engagieren sich – der Wert lokaler Aktionen für Klimaschutz – Tageblatt (Editioun vum 23.10.2024)

Faktenbasierte Klimapolitik – Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek (Editioun vum 23.10.2024)

Thermesche Stress an de Südgemengen – Radio 100,7 (Reportage 28.10.2024)