De Littering ass e Phenomen, wat permanent d’Naturraim zu Lëtzebuerg, also och an der Minett UNESCO Biosphere belaascht. Am Joer 2015 huet all Awunner aus dem Grand-Duché an der Moyenne 1,6 Kilo Dreck pro Joer an d’Natur geheit.
Knapp 30% vum Knascht, dee wëll ewechgeheit gëtt ass aus Metall, woubäi d’Béierbéchsen an d’Béchse vun den Energydrinks d’Majoritéit vun de metalleschen Offäll ausmaachen. Ëmsou méi wichteg ass et, datt sech quasi all d’Gemengen an der Minett UNESCO Biosphere engagéieren an zesumme mat hiren Awunner op fräiwëlleger Basis am Fréijoer den Dreck an d’Natur sammele ginn.
![]() |
![]() |
![]() |
Am Mäerz geet et Samschdes op d’Bëschbotz
Den Optakt vun der grousser Botz an eiser Regioun ass de 14. Mäerz. Op deen Dag ginn d’Bëscher an de Gemenge Suessem, Beetebuerg, Käl-Téiteng, Monnerech an Esch-Uelzecht gebotzt an all d’Gemenge proposéieren de Fräiwëllegen um Schluss vun der Botz eng waarm Zopp.
Suessem – Entdeckt d’Startpunkten an deene véier Uertschaften
Beetebuerg – Hei gëtt et zwou Plaze fir ze starten
Käl-Téiteng – Vum Gemengenatelier an d’Naturschutzzonen
Monnerech – Start zu Monnerech selwer oder beim Centre Culturel “Beim Nëssert”
Esch-Uelzecht – De Rendez-vous ass wéi ëmmer op der Stadhausplaz

© Ville d’Esch-sur-Alzette
De Samschdeg 21. Mäerz geet net just d’Fréijoer lass, mä dann ass déi grouss Bëschbotz an de Gemenge Käerjeng, Schëffleng an Déifferdeng.
Käerjeng – All d’Informatioune ronderëm déi Käerjenger Botz
Schëffleng – Lass geet et beim Boulodrome
Déifferdeng – 11 Tier duerch déi ganz Gemeng

© Administration communale de Differdange
Ofschloss vun de Botzaktiounen ass dann e Samschdeg, den 28. Mäerz. D’Gemeng Péiteng invitéiert deen Dag op hir Kuer fir d’Natur, déi wéi all Joer beim Gemengenatelier “an der Léier” start.
Péiteng – Eng Kuer fir d’Natur
E puer Detailer fir eng gegléckte Bëschbotz
D’Gemenge stellen alleguerte Material zur Verfügung mat deem de Bësch an d’Natur ka propper gemaach ginn. Dat sinn notamment Tute fir den Dreck ze sammelen a Material fir en opzehiewen.
Denkt awer drun, wann Dir bei der Bëschbotz matmaache wëllt Iech dem Wieder entspriechend unzedoen. Fir duerch e Bësch ze trëppelen si fest Schung ëmmer vu Virdeel a beim Asammele vun Dreck sinn Händschen aus hygieenesche Grënn unzeroden a Kanner solle vun engem Erwuessene begleet ginn.
Schlussendlech kann een nach ernimmen, datt all Gemeng, deene Leit, déi bei der Botzaktioun dobäi waren um Schluss vum Trëppeltour eng Klengegkeet z’iessen offréiert. Fir datt déi eenzel Servicer an de Gemengen de Kascht propper geplangt kréien ass et wichteg sich mat Zäite bei där Gemeng unzemellen, wou een hëllefe wëll den Dreck aus de Bëscher ze sammelen.


