Tëscht Beetebuerg a Leideleng invitéiert de Beetebuerger Bësch, e Bësch z’entdecken, an deem al Beem, Baachen a Weieren sech am Rhythmus vun der Natur entwéckelen. Eng ideal Destinatioun fir e gemittleche Spadséiergank an enger Pufferzon vun der Minett UNESCO Biosphere.
En ale Bësch voller Liewen
Nërdlech vun Obeler ass d’Pufferzon vum Beetebuerger Bësch vu grousse Biche gepräägt. Ënnert de Bamkroune fält d’Liicht douce bis op de Buedem a schaaft zu all Joreszäit eng aner Atmosphär: zaart Gréng am Fréijoer, agreabel Frëscht am Summer a gëlle Faarwen am Hierscht.
Verschidde Biche sinn 200 bis 220 Joer al, an e puer Eeche sinn tëscht 180 an 240 Joer al. Dës remarquabel Beem erzielen déi laang Geschicht vum Bësch.
En Deel vum Bëschmassiv huet de Status vun engem Naturbëschreservat. Hei kann de Bësch sech ouni forstwirtschaftlech Notzung natierlech entwéckelen. Ausgeholl sinn déi Aarbechten, déi fir d’Sécherheet op de Weeër néideg sinn. D’Beem ginn al, falen ëm a verrotten op der Plaz. Dobäi bidden si ville Champignonen, Insekten, Vullen a Fliedermais e Liewensraum.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Marc Weis
Baachen, Weieren an eng bemierkenswäert Aartevillfalt
Duerch de Beetebuerger Bësch fléisse kleng Baachen. Hei fënnt een och Mardellen, natierlech Verdéiwungen, an deenen d’Waasser sech sammelt. Dës Fiichtgebidder si wäertvoll Réckzuchsraim fir Amphibien a vill aner Organismen.
De Pad féiert och beim Léiffraeweier laanscht. An dësem Weier liewe keng Fësch, soudatt en de Fräschen, Mouken, Molchen a Libelle besonnesch gënschteg Liewensbedingunge bitt.
Wie säi Bléck an d’Beem riicht, ka mat e bësse Chance e Grospiecht, e Schwaarzspiecht oder e Mëttelspiecht gesinn oder héieren. Wann et däischter gëtt, gëtt de Bësch och zum Juegdrevéier vun der Fransenfliedermaus (Myotis nattereri) an der Bechsteinfliedermaus (Myotis bechsteinii), zwou Fliedermausaarte mat enger enker Bindung un al Bëscher.
E Spadséiergank fir déi ganz Famill
Den Natur- a Bëschléierpad ass ongeféier 3,8 km laang a léisst een déi wichtegst Besonneschkeete vum Gebitt entdecken. De liichte Wee mat sengen Informatiounstafelen eegent sech och fir Famillje mat Kanner. Den Depart ass um Parking un der CR163 tëscht Beetebuerg a Leideleng.
Wien nach méi entdecke wëll, kann de Rondwee BB2 huelen. Dës 12,32 km laang Streck féiert gréisstendeels duerch de Bësch ronderëm Obeler. Et soll een déck 3 Stonnen aplangen a passend Schong undoen.
Am Naturschutzgebitt ass et wichteg, op de markéierte Weeër ze bleiwen. Esou ginn déi natierlech Liewensraim geschützt an et setzt een sech manner de Gefore vun Äscht aus, , déi vun ale Beem eroffale kënnen.
Sech Zäit huelen, fir z’observéieren
De Beetebuerger Bësch entdeckt een am beschte ganz a Rou. D’Spigelbild vun de Beem an engem Weier, d’Trommele vun engem Spiecht oder e mat Moos bedeckte Bamstamm gi schonn duer, fir de ganze Räichtum vun dësem Bësch siichtbar ze maachen.
Nëmmen e puer Kilometer vun den urbaniséierte Gebidder am Süde vu Lëtzebuerg ewech bitt dës Pufferzon vun der Minett UNESCO Biosphere eng roueg Auszäit an erméiglecht eng besonnesch Renconter mat engem Bësch, deen no an no säin natierleche Rhythmus erëmfënnt.






