Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten
arrow
quote quote

3 Froen un d’Kraiderpedagogin Christiane Laures

E Sonndeg an enger Woch starte mer an d’Saison 2025 vun den Aktivitéite vum MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt LéierLab. Deen éischten Atelier ass zesumme mat der Kraiderpedagogin Christiane Laures an heescht „De Bësch schmaachen“.

Hei geet et drëm an de Bëscher vum Ellergronn Kraider a Planzen ze sammelen, déi een och schonn am Februar ka fannen an dës duerno zesummen zu engem leckere Menü ze verschaffen.

Am Virfeld vun dësem Workshop hu mir der Kraiderpedagogin e puer Froen zu hirer Persoun an zu hirem Beruff gestallt.

 

3 Froen un d’Christiane Laures

Minett UNESCO Biosphere: Wat ass eng Kraiderpedagogin?

Christiane Laures: Eng Kraiderpedagogin ass een, dee mat de Leit an d’Natur geet an hinne weist, datt net alles Onkraut ass an datt een dat kann notze fir Iessen oder eng Sallef ze maachen.

MUB: Wéi eng wëll Planz hues du am Léifsten?

CL: Fir den Ament ass et d’Wald-Schaumkraut (Cardamine flexuosa). Dat schmaacht fantastesch gutt no Cresson an ech hunn einfach schrecklech gär. Et ass e super Immunbooster, deen een all Dag kann iessen.

MUB: Wat kënnen sech d’Leit bei dengem Workshop erwaarden?

CL: Ech hunn hei wonnerbar wëll Kraider matbruecht. Mir gi mat de Leit an d’Natur, sammele wëll Kraider an duerno verkache mer déi an der Kichen a maachen e richteg gudde Menü dorausser.

3 Datumer am Laf vum Joer

2025 proposéiere mir de Workshop „De Bësch schmaachen“ dräi Mol. Deen éischte Rendez-vous, dee fir d’Fréijoer, ass de Sonndeg, 23. Februar. D’Summereditioun vun dësem Atelier ass dann de Sonndeg, 20. Juli a fir de Goût vum Hierschtbësch kennenzeléiere gi mir Iech Rendez-vous de Sonndeg, 26. Oktober.

D’Aschreiwunge fir déi 3 Ateliere sinn op. „De Bësch schmaachen“ ass wéi all Workshop vum MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt LéierLab gratis an de komplette Programm fannt Dir an eisem Agenda.