📀 Minettsdapp - De Song iwwert eis Biosphär 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
arrow
image

IFEN-Formatioun: Industriegeschicht vun der Minett UNESCO Biosphere

IFEN-Formatioun organiséiert vum MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab

Datum(er)

01/10/2026 14:00 - 17:00

D’Minett UNESCO Biosphere ass haut eng aussergewéinlech Kulturlandschaft, an där Natur an Industriegeschicht op eenzegaarteg Aart a Weis zesummekommen. Wéi ass et engem klenge Landwirtschaftsland gelongen, sech bannent e puer Joerzéngten zu enger vun de weltwäit féierende Stolnatiounen z’entwéckelen?

Dës Formatioun zeechent d’Geschicht vun der lëtzebuergescher Stolindustrie no, déi eng wichteg Grondlag duerstellt, fir déi eenzegaarteg Identitéit, d’Wirtschaft an de Multikulturalismus vum Groussherzogtum ze verstoen. E Besuch am Nationale Biergbau-Musée zu Rëmeleng rënnt d’Formatioun of.

Dëse Modul riicht sech u Léierpersounen aus dem Fondamental (Zyklus 2-4) a beliicht d’Geschicht vun der lëtzebuergescher Stolindustrie unhand vu véier Haaptthemen.

D’Participante léieren, wéi d’Entdeckung vum Minette-Eisenäerz, technologesch Innovatiounen an d’Stolindustrie de Süde vu Lëtzebuerg gepräägt hunn. Déi uschléissend Visitt erkläert den industriellen Opstig, déi gesellschaftlech Verännerungen duerch d’Immigratioun an den Iwwergank vun der Stolkris an den 1970er Joren zu enger erfollegräicher Reaffektatioun vu fréieren Industriebroochen, wéi zum Beispill Belval.

Fir d’Excursioun si waarm Kleeder a fest Schong recommandéiert, well d’Temperatur am Biergbau-Musée d’ganzt Joer iwwer bei ronn 10 °C läit.

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 24 77 59 80

E-mail: christine.winandy@ifen.lu

Internet: https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/296402

Organisateur

Minett UNESCO Biosphere

Partager