Haut um Samschdeg ass, am Kader vun den Deeg vun der Biodiversitéit e grousse wëssenschaftleche BioBlitz um Territoire vun der ganzer Südregioun.

Eng ronn 30 Chercheure vum ‘natur musée‘ hate sech de Moien um 9:00 Rendezvous am Ellergronn ginn, fir do aus op hir Entdeckungs- a Bestëmmungstour duerch d’Biosphärereservat ze goen.

Am Kader vun dësem Rendezvous huet och d’Kulturministesch Sam Tanson de Wee an déi éischt Lëtzebuergesch UNESCO Biosphär fonnt a bei hirer Ried virun de Wëssenschaftler betount, datt an Zäite vu Klimachangement an Aartestierwen d’Grënnung an d’Unerkennung vun der Minett UNESCO Biosphär en Zeeche setze kann, datt d’Regioun vum Minett zu enger Beispillregioun fir Lëtzebuerg ka ginn, wou Mënsch an Natur sech zesummen entwéckele kënnen.

Virun der Ried vun der Ministesch hat de Pol Zimmermann vun der Naturverwaltung, Responsabele fir de Naturschutzzentrum Ellergronn d’Wëssenschaftler begréisst an drop higewisen, datt am Zentrum un enger neier grousser Expositioun geschafft, déi fir Esch2022 – europäesch Kulturhaaptstad – opgoe wäert.

D’Presidentin vum Gemengesyndikat Pro-Sud, Anouk Boever-Thill, huet an hirer Interventioun dem ‘natur musée‘ Merci gesot, datt si den Dag vun der Biodiversitéit an dësem Joer an der Minett UNESCO Biosphere organiséieren. Si huet ënnerstrach, datt dës systematesch Bestandsopnam vun der Aartevillfalt am Biosphärereservat vu grousser Wichtegkeet ass a sech zefridde gewisen, datt och beim populäre BioBlitz, dee schonn den 22, Mee lassgaangen ass, ewell iwwer 1700 Observatioune realiséiert goufen.

Den Direkter vum ‘natur musée‘, Alain Faber, huet a senger Ried och den oppene BioBlitz ernimmt, deen et erméiglecht huet, d’Ouschterschell am Ellergronn erëmzefannen. Dës Planz war eng leschte Kéier 1987 um Site zu Esch fonnt ginn a ass gëschter, am Kader vun den Deeg vun der Biodiversitéit vun enger Diddelenger Schoulklass, am Bësch fonnt ginn.

Géint 10:00 sinn déi 30 Wëssenschaftler dunn op den Tour gaangen a sammelen elo dee ganzen Dag iwwer Daten iwwert d’Biodiversitéit an der ganzer Minett UNESCO Biosphere.
