Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Wéi kënnt d’Eisen an de Buedem?

Eng Äntwert op déi Fro liwwert de Robert Weis de Sonndeg, 5. September. De Geolog Robert Weis schafft am ‘naturmusée‘ als Gestionnaire vu de paleontologesche Sammlungen an huet sech als Fuerscher op déi wirbellos Mieresdéieren aus dem Zäitalter vum Jura spezialiséiert.

Doriwwer eraus wëll hie seng Passioun fir d’Geologie viruginn. D‘Opwäertung an de Schutz vum geologesche Patrimoine ass eng vu senge Prioritéiten. De Robert Weis organiséiert reegelméisseg Feldausflich fir de Public an d’Landschaft anzeféieren a mat hinnen d’Säiten, déi Äerd an hirem Buch geschriwwen huet, z’interpretéieren.

Genee dat erwaart iech och um Tuer iwwert de geologesche Circuit vum „Giele Botter“. Dat aalt Dagebaugebitt ass en Eldorado fir geologesch Decouverten ze maachen. Et ass eng ideal Plaz fir déi Virgäng ze verstoen, déi aus dem Minett dat gemaach hunn, wat en haut ass.

Geleeën op der Kopp tëscht Péiteng an Nidderkuer ass de „Giele Botter“ haut e Site, deen engem Bléck an déi wäit, mä och an déi méi rezent Vergaangenheet vum Minett, mat sengen Dagebaugebitter erlaabt.

1991 ass de geologesche Circuit um „Giele Botter“, deen net méi spéit ewéi dëst Joer mat enger neier a moderner Beschëlderung virun opgewäert gëtt, ugeluecht ginn. Op der Wanderung vu gutt zwou Stonnen duerch eng vun de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere wäert de Robert Weis vill méi konkret Erklärunge ginn, wéi se op de Schëlder ze fanne sinn.

D’Äntwert op d’Fro wéi d’Eisen an de Buedem kënnt an ob et haut och nach Plazen op der Äerd gëtt, wou Eisen op déi selwecht Manéier an de Buedem kënnt, wéi dat viru Millioune Joer hei am Minett de Fall war, déi bleift de Fuerscher aus dem ‚naturmusée‘ sécher kengem schëlleg.

De geologeschen Tuer „Wéi kënnt d’Eisen an de Buedem?“ start de 5. September um hallwer 10. Fir beim Tuer iwwert de „Giele Botter“ dobäi ze sinn, musst dir iech am Virfeld hei umellen. Bréngt fest Schong mat an am Beschte Kleeder, déi dem Wieder ugepasst sinn.

Nom Tuer iwwert dëse faszinante Geosite kënnt dir dann de Sonndeg gemittlech am Fonds-de-Gras ausklénge loossen, oder esouguer nach d’Bierger vum Minett vu bannen erliewen, wann dir iech decidéiert mat der Minièresbunn, duerch eng al Minn bis op d’Zowaasch fuert.

Klickt hei fir iech unzemellen.

Besicht och eis Partner fir dës Visitt: den ‚naturmusée‚ an de „Minett Park Fonds-de-Gras„: