Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Schwéier Maschinnen am Naturschutzgebitt

Zënter Uganks Oktober kann ee matten an de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere Aarbechter gesinn, déi Beem ëmhaen a mat Baggeren de Buedem vun den Naturschutzzonen opwullen.

Keng muttwëlleg Zerstéierung

Et sinn dëst sougenannten Entbuschungsaarbechten, déi am Optrag vun der Naturverwaltung ausgefouert ginn an déi wichteg sinn, fir d’Charakteristike vun eisem Biosphärereservat op Dauer z’erhalen.

Enn Oktober hunn Aarbechter am Dall vun der Réierbaach (Crosnière) net wäit ewech vun der Zowaasch e klengt Dagebaugebitt, an deem zënter Joerzéngten net méi geschafft ginn ass, a Stand gesat. No der Fermeture vun dëser Exploitatioun hat sech de Bësch de plakege Fiels, deen iwwereg bliwwe war, am Laf vun de Joren no an no zeréckgeholl. Laang éier déi éischt Beem hei nees e Liewensraum fonnt haten, war déi al Minn awer schonn zu engem Liewensraum fir Eidechsen, Päiperleken, Insekten, Orchideeën an de Fransenenzian ginn.

Oppe Fläche schafen

Dës Membere vun eiser Biosphär brauchen oppe Flächen, mat Réckzuchsméiglechkeeten aus Steng a Fielsen, fir sech z’entfalen. Genee dowéinst ass dësem Hierscht am Groussebësch geschafft ginn. Mat der Entbuschung, déi elo gemaach gouf, kann déi ekologesch Diversitéit op deem Site an den nächste Joren erhale bleiwen an et entsteet e Korridor, deen oppe Flächen am Groussebësch besser un oppe Landflächen um Kiermerchen ubënnt, engem weideren Deel vun der Kärzon „Kiermerchen/Scheiergronn/Groussebësch“. Dëst kann dozou bäidroen de geneteschen Echange tëscht de Planzen- an Déierenzorten déi hei virkommen z’ënnerstëtzen.

Weider Entbuschungsaarbechten, an aneren Deeler vun eiser Biosphärereserv, sinn an den nächste Wochen nach programméiert. Dës Aarbechten zerstéieren eis Natur net, mä hëllefen se laangfristeg z’erhalen an d’Spuere vun de Chantieren si meeschtens no manner ewéi zwee Joer scho guer net méi ze gesinn. Genee esou Aarbechten erlaben et awer de Responsabele vun der Naturverwaltung fir den Erhalt an d’Stabiliséiere vum eenzegaartegen Ökosystem, deen an den alen Dagebaugebitter vum Minett entstanen ass, ze suergen.