Mission Zéro Carbone Pädagogische Aktivitäten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

Rocklines & Art

Visitt am Minett Park Fonds-de-Gras

Um Donneschdeg waren déi zwee Geopoeten, Davide Sapienza a Robert Weis, an de Minett Park Fonds-de-Gras invitéiert, fir hei wieder Impressioune fir de Projet „Rocklines. A journey through Minett, the sea of red rocks“ ze sammelen.

Impressioune fir de Carnet de Voyage

Dës Impressioune ginn no der Rees vum italienesche Schrëftsteller an dem Lëtzebuerger Geolog an engem alternative Reesguide fir d’Minett UNESCO Biosphere zesummegefaasst. Dës wäert am nächste Joer, wann de ganze Minett mat Esch2022 – europäesch Kulturhaaptstad – souwisou am Fokus wäert stoen, publizéiert ginn. Leit, déi eis Géigend besichen, kréien esou en anere Bléck op de Minett a seng Landschafte proposéiert.

Déi historesch Vergaangenheet

Am Ufank vun der Visitt kruten d’Geopoete vum Frédéric Humbel, dem Gerant vum Minett Park Fonds-de-Gras de Site erkläert. Hien huet do d’Eenzegaartegkeet vum klengen, enken Dall tëscht Nidderkuer, Lasauvage a Péiteng erkläert an ass op d’Geschicht vum Eisenäerzofbau agaangen, dee bis an d‘1950er Joren am Fonds-de-Gras bedriwwe gouf.

Exklusiv Ablécker

Duerno huet de Frédéric Humbel den Davide Sapienza an de Robert Weis an d’Hal Paul Wurth gefouert, wou déi zwee Geopoete gëschter schon en eklusiven Abléck an d’Ausstellung „A BORD“ vun der Lëtzebuerger-Schwäizer Kënschtlerin Manette Fusenig kruten.

D’Ausstellung, déi scho fäerdeg opgebaut war, hat eréischt haut den Owend Vernissage an ass vu muer bis den 29. August, all Woch vun Donneschdes bis Sonndes accessibel. An dat all Kéiers tëscht 14:00 an 18:00.

Méi Informatiounen iwwert d’Ausstellung an de Minett Park Fonds-de-Gras, fannt dir um Website vum Minett Park.