Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Lokal iessen

An zwou Vaguen huet d’Minett UNESCO Biosphere zesumme mam Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) eng grouss Etüd iwwert de Stellewäert vu lokale Liewensmëttel am Süde realiséiert.

Ronn 10000 Stéit waren am November 2020 an am Februar 2021 kontaktéiert ginn an d’Resultater vun dëser statistesch representativer Etüd ginn nächsten Donneschdeg publizéiert.

Am Virfeld vun der Publikatioun vun de Resultater hu mir awer scho beim Schëfflenger Buergermeeschter Paul Weimerskirch nogefrot wéi e Stellewäert lokal Produiten, senger Meenung no, hei am Süden hunn:

En plus wollte mer vun him wëssen, wéi een als Gemengeresponsabelen déi lokal Liewensmëttelproduktioun ka stäerken.

E weidere wichtege Punkt fir déi Responsabel vun der Gemeng Schëffleng ass d’Aktivatioun vun hire Bierger – Stéchwierder „Urban gardening“ a „Schrebergäert“.

Et ass dem Paul Weimerskirch allerdéngs net liicht gefall spontan dräi lokal Liewensmëttelproduiten aus dem Süden, respektiv aus senger Gemeng ze nennen. Ob et him dobäi eleng esou geet, oder ob et e generelle Manktem un Informatiounen iwwert lokal Liewensmëttelproduite gëtt, gitt dir nächst Woch gewuer, wa mir iech déi ganz Etüd iwwer lokal Liewensmëttel am Süde presentéieren.