Mission Zéro Carbone Pädagogische Aktivitäten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

Kaart vun der Minett UNESCO Biosphere

No ronn engem Joer Aarbecht gouf leschte Samschdeg d’Kaart vun den natierlech an industrielle Räichtemer vun der Minett UNESCO Biosphere presentéiert. D’Gäscht, déi op eisem éischte Gebuertsdag invitéiert waren, kruten en Exemplaire vun der Kaart en avant-première.

Op der Kaart selwer kritt een Informatiounen iwwer verschidde Planzen, Insekten, Päiperleken, Echsen, Molchen, Villercher an aner Déieren, déi et an eisem Biosphärereservat gëtt. Vun der Hunnegbei bis bei d’Büffelen, déi viru kuerzem laanscht d’Uelzecht en neit Doheem fonnt hunn. D’Illustratioune vun den Déiere sinn aus der Fieder vun der Ann-Kathrin Wirth, déi dës mat vill Gedold, Léift an Talent an de leschte Méint gezeechent huet.

 

Nieft den Déiere sinn op der Kaart awer och eng Rei vu seelenen a geschützten a manner rare Planzen ze fannen. E spezielle Merci geet un de Jan Herr vun der Naturverwaltung, deen eis gehollef huet Déieren a Planzen z’identifizéieren a se op déi richteg Plaz op der Kaart ze setzen.

Déi industriell Denkmaler vun eiser Regioun, vun der aler Mëllechfabrick zu Beetebuerg, iwwer den Humpen op der Haard an de Waassertuerm vun der Metzerschmelz, bis bei déi al Gare vu Kënzeg, goufe vum Nicolas Lieritz vum Grafikstudio Moloko gezeechent, deen och déi grafesch Ëmsetzung vun der Kaart realiséiert huet.

Op der Récksäit vun der Kaart vun eiser Biosphär sinn eng ganz Rei Informatiounen iwwert d’Minett UNESCO Biosphere, hir Aufgaben, hiert Entstoen an hir Plaz am internationalen UNESCO-Reseau „Man and the Biosphere“ ze fannen.

Gäre schécke mir iech äre perséinlechen Exemplaire vun der „Carte des richesses de la Minett UNESCO Biosphere“. Dir musst duerfir just dëse Formulaire hei ausfëllen:

QR-Code scannen oder drop klicke fir de Link opzemaachen.