Mission Zéro Carbone Pädagogische Aktivitäten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

Jurassic Walk

Explore changing paleo-environments of the Minette

Am Kader vun de „Geoheritage Days“, déi de Weekend vum 4. a 5. September am Natur- & Geopark Mëllerdall an an der Minett UNESCO Biosphere sinn, invitéiere mir de Sonndeg, 5. September op den „Jurassic Walk“ iwwert de Rëmelenger Hutbierg.

Op dëser Plaz ass schonn 1867 eng éischt Konzessioun erdeelt ginn, fir d’Minett aus dem Buedem ze huelen an dat ass och bal 100 Joer laang um Hutbierg geschitt, deels ënnerierdesch a Galerien, deels iwwerierdesch am Tagebau.

Iwwereg blouf en impressionnante Front de taille, dee scho vu wäit begeeschtere kann, deen awer nach vill méi spannend gëtt, wann ee méi no un en erugeet a kuckt, wat en engem alles z’erzielen huet.

Op den éischte Bléck identesch

Steng, déi engem op en éischten, séiere Bléck identesch kënne virkommen, erzielen awer dacks ganz verschidde Geschichten. Op klengstem Raum loosse sech um Hutbierg Mieresspigelschwankungen aus dem Jura, dem Zäitalter vun den Dinosaurier, beobachten an et kann erkennen, wéi de Liewensraum „Minett“, deen deemools jo e flaacht tropescht Mier war, changéiert huet.

Dës fein Ënnerscheeder ginn am Kader vun den „Geoheritage Days“ de 5. September erkläert a gewisen. Et kritt een Explikatiounen iwwer Changementer, déi deemools am Minett de Liewensraum an domat och Flora a Fauna beaflosst hunn. Op engem Spadséiergang vum Fouss vun der Falaise bis bei de Weier, deen een méi héich uewen am ale Tagebaugebitt fënnt, wäert et villes z’entdecken a munches ze bestaune ginn.

Eng Rees duerch d’Äerdgeschicht

Op engem geféierte Spadséiergang vu ronn zwou Stonne wäert den „Jurassic Walk“ eng Rees duerch d’Äerdgeschicht erlaben, op déi den Dr. Ben Thuy vum ‘naturmusée‘ invitéiert. De Ben Thuy, Konservateur a Coordinateur vun der Paleontologescher Sektioun vum ‘naturmusée‘, wäert hei säi Wëssen iwwert d’Liewen am Minett an der Jurazäit op eng kuerzweileg Manéier mat ville konkrete Beispiller viruginn. Beispiller, laanscht déi deen een oder anere warscheinlech schonn Dosende Kéiere laanschtgetrëppelt ouni se an Uecht ze huelen, obschonns se u sech direkt an einfach ze gesinn an ze fanne sinn.

Mellt iech hei u fir den Jurassic Walk.

Gitt elo scho méi gewuer

Méi iwwert de Minett am Zäitalter vum Jura kënnt dir an zwou interessante Publikatioune vum ‘naturmusée‘ gewuer ginn. 2015 hat de Band 71 vun der Ferrantia-Serie vum Musée mam Liewen am Minett aus där Zäit befaasst an 2020 stoung och den 83. Band vun dëser Serie am Zeeche vum vergaangene Liewen an eiser Regioun.

Besicht och eis Partner vun dëser Aktivitéit