Mission Zéro Carbone Pädagogische Aktivitäten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

Geography in (e)motion

Am Kader vu “Rocklines – A journey through Minett, the sea of the red rocks”, eisem Projet am Zeeche vun der Geopoetik dëse Summer, gëtt et eng Rei Rendezvousen op deenen den Auteur Davide Sapienza an de Wëssenschaftler Robert Weis mat de Leit aus dem Minett a Kontakt wëlle kommen.

Ee Rendezvous ass de Mëttwoch, 14. Juli am Auditoire vun der Maison du Savoir vun der Uni Lëtzebuerg um Belval.

Um 13:30 proposéiere mir iech do eng Konferenz mat Titel „Geography in (e)motion“ fir dir iech awer am Virfeld umelle musst.

An der Konferenz geet et engersäits ëm d‘Geografie vun den an anersäits ëm d’Geopoetik.

Schreiwen iwwer d’Welt gëtt dacks als Fäegkeet ugesinn, déi fir e puer Spezialiste reservéiert ass, meeschtens et Geographen oder professionell Kartographe sinn. Awer iwwer d’Welt schreiwen ass eng deeglech Praxis.

D’Conferencieren

Doropper ginn d’Estelle Evrard (Spatial Justice and Territorial Governance) an d’Lise Landrin (Participatory Action Research and Performative Arts), Fuerscherinnen an der Geografie op der Uni Lëtzebuerg, am éischten Deel vun der Konferenz an. Si entdecken dës Notioun mat hirem aktuelle Projet: REMIX PLACE „Pathways to participation: connecting diverse communities through place“. Dësen interdisziplinäre Projet soll am Kader vum Programm vun ESCH2022 ufänken. E wäert déi emotional a kierperlech Verbonnenheet vu Leit mat Plazen erfuerschen.

De Geopoet, Davide Sapienza, proposéiert duerno en Erfarungsbericht vu de geopoetesche Reesen, déi hie bis ewell ënnerholl huet.

Den Davide Sapienza, en autodidaktesche Geopoet, entdeckt säin natierlecht Ëmfeld a léisst seng artistesch Richtung vu senger Sënner leeden. A sengem Gespréich wäert hien d’Konzept vun der Geopoetik déifgräifend erklären a wat dës ze bidden huet a punkto emotional Verbindung tëscht de Leit an hirer intimer Geografie, also deene Plazen, wou si doheem sinn.

Et ass kee Covid-Check Evenement, duerfir sinn d’Plaze limitéiert. Déi ganz Konferenz gëtt awer och en direkt op eiser YouTube-Säit iwwerdroen. Dir kënnt iech awer och hei scho fir d’Konferenz umellen.


Vagabondage um Belval

Um 14:45, direkt no der Konferenz proposéiere mir iech och nach e klengen Trëppeltour iwwert de Belval. Op déi Manéier kënnt dir de Geopoet Davide Sapienza selwer bei der Aarbecht erliewen. Begleet gëtt hien hei vum Thomas Cauvin.

Den Thomas Cauvin ass Associate Professor of Public History am Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH), an entwéckelt grad eng eng Partnerschaft mat der Nuit de la Culture zu Esch-Uelzecht fir participativ Geschichtsprojeten, déi vun 2022 u solle lancéiert ginn.

Maximal 20 Persoune kënnen un dëser geopoetescher Wanderung deelhuelen.

Mellt iech elo schonn un

Reservéiert är Plaz fir d’Konferenz an/oder den Trëppeltour andeems dir dëse Formulaire ausfëllt oder andeems dir de QR-Code hei benotzt: