Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

E Joer Biosphärereservat

Den 28. Oktober 2020 ass d‘Minett UNESCO Biosphere offiziell vun der UNESCO unerkannt an an den internationale Reseau vum Netzwierk „Man and the Biosphere“ (MAB) opgeholl ginn.  

Als post-industriell Biosphärereserv soll sech de Süde vu Lëtzebuerg, deen all d’PRO-SUD Membergemengen aschléisst, zesumme no de Standarde vum Netzwierk, wat 1971 entstanen ass, entwéckelen. Konkret heescht dat, déi ekonomesch Entwécklung vun eiser Regioun soll no sozialen, kulturellen a ökologesche Critère viru gefouert ginn. Esou soll et glécken, zesummen mat all den Awunner aus der Biosphärereserv, bei der weiderer ekonomescher Entwécklung d’Biodiversitéit z’erhalen an ze schützen an och d’Wäerter an Traditioune vum Minett viru liewen ze loossen.

Lancement am Zeeche vun der Pandemie

Leider konnt dëse wichtege Moment fir eis Regioun net esou gefeiert a valoriséiert gi wéi et geplangt war. Wéinst der Covid-19-Pandemie konnt just e Grapp voll Gäscht bei der offizieller Zeremonie dobäi sinn, wou de Minett de Status vum UNESCO Biosphärereservat krut. Dës reduzéiert Feier war den 29. Oktober 2020 zu Diddeleng.

Zënter dem leschten Oktober huet d’Equipe vu PRO-SUD, déi d’Minett UNESCO Biosphere geréiert, zesumme mat all hire Partner, déi si scho bei der Kandidatur ënnerstëtzt hunn, ugefaangen un der Ëmsetzung vun den Ziler vum „Man and the Biosphere“-Programm fir de Süde vum Grand-Duché ze schaffen.

De Bilan vum éischte Joer ass positiv an d’Dynamik an d’Energie fir de Süde vu Lëtzebuerg an den nächste Joren als innovativ, nohalteg am (industrie-)kulturell Regioun op déi national an international Landkaart ze setzen, dierft sech an den nächste Jore bestëmmt acceleréieren.

Déi komplett Zeremonie vun Oktober 2020