Minett Mash-up TUTTI FRUTTI BEYOUTHSPHERE FORUM 2022
arrow
quote quote

D’Gîtë vum Minett Trail

Appel à candidatures lancéiert

Dës Woch huet den ORT-Sud, den Office Régional de Tourisme Sud, d‘Ausschreiwung fir d’Gestioun an d’Bedreiwe vun den touristesche Gîtë laanscht de Minett Trail lancéiert.

Den nationale Wanderwee

Minett Trail Map
© ORT-Sud

 

De Minett Trail ass e Wanderwee, deen, an 10 Etappen an op enger Längt vun 90 Kilometer, déi 11 Membergemenge vum Syndicat PRO-SUD matenee verbënnt. An all Gemeng gëtt ee Gîte amenagéiert fir et de Wanderer an Touristen z’erméiglechen de Minett Trail an Etappen z’entdecken.

Den Architekteconcours

Enn 2019 war e Concours fir Architekte vum OAI, dem Ordre des Architectes et des Ingénieurs-conseils, lancéiert ginn. Et waren am Fong 11 regruppéiert Concoursen, ee fir all Gemeng vum PRO-SUD, mat deem de Gîte fir all eenzel Gemeng gesicht ginn ass. Am Ganze sinn 91 Dossiere bei dësem Concours agereecht ginn, vun deenen der 33, also 3 pro Gemeng, vun engem Jury ausgezeechent goufen. An deem Jury, deen aus 13 Persoune bestanen huet, souzen, ënnert anerem, den Tourismusminister, Lex Delles, an d’Directrice vun Esch2022, Nancy Braun.  

De Jury huet déi 11 Projeten ausgewielt, déi aktuell an all de Gemenge vum Süde vu Lëtzebuerg realiséiert ginn. Am Laf vum Joer 2022 wäerten dës Gîten dann no an no hir Dieren opmaachen.

Gîte Fonds-de-Gras
Screenshot: www.minetttrail.lu
Gîte Lasauvage
Screenshot: www.minetttrail.lu
Gîte Linger
Screenshot: www.minetttrail.lu

 

Et goung beim Concours drëm Hebergementsméiglechkeeten ze schafen, déi architektonesch wäertvoll sinn an déi d’Geschicht vum Minett dokumentéieren. De Minett ass eng divers Regioun, där hire Räichtum duerch Migratioun an hir industriell Vergaangenheet entstanen ass.

Den Appel à candidatures

Dës Woch ass d’Ausschreiwung fir d’Gestioun vun de Gîten, déi ënnert dem Lëtzebuergeschen Numm „Kabaisercher“ wäerte kommerzialiséiert ginn, publizéiert ginn.

De Cahier des charges an all aner wichteg Dokumenter, an deem Zesummenhang, kënnen hei erofgeluede ginn.

D‘Interessenten si gebieden hier Kandidatur, mat allen Dokumenter, déi dozou gehéieren, bis spéitstens e Méindeg, de 17. Januar 2022 un den Office Régional du Tourisme Sud ze schécken.

Logo des gîtes du Minett Trail
© ORT-Sud