Minett Mash-Up: Der Podcast über unsere Region TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

De Grand-Duc op Besuch an der Minett UNESCO Biosphere

Dëse Mëttwoch war de Grand-Duc, begleet vun der Madamm Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung an dem Här Georges Mischo, Député-Maire vun der Stad Esch-Uelzecht, op Besuch am Naturschutzzentrum Ellergronn fir méi gewuer ze ginn iwwer d'“Minett UNESCO Biosphere“, dat éischt Biosphärreservat zu Lëtzebuerg.

© Yann Logelin / PRO-SUD
© Yann Logelin / PRO-SUD
© Yann Logelin / PRO-SUD



Wärend der Visitt krut de Staatschef detailléiert Informatiounen iwwer den „Man and the Biosphere“ Programm, vun der Presidentin vun der Nationaler Kommissioun fir d‘Kooperatioun mat der UNESCO, der Madamm Simone Beck, an iwwer d’Méiglechkeeten, déi dëse Label fir déi regional, déi nohalteg an déi touristesch Entwécklung am Süde vum Grand-Duché bréngt.

© Yann Logelin / PRO-SUD
© Yann Logelin / PRO-SUD
© Yann Logelin / PRO-SUD


Am Uschloss huet de Grand-Duc Erklärungen iwwert den Naturschutzzentrum Ellergronn kritt an de Musée vun der Minn Cockerill besicht. Ofgeschloss gouf d‘Visitt mat engem Spadséiergank duerch d‘Prince Henri Minn, e fréiert Dagebaugebitt, an där de Grand-Duc sech e Bild vun den typesche geologesche Strukture vum Minett an dem Räichtum u Biodiversitéit an der „Minett UNESCO Biosphere“ konnt maachen.

© Yann Logelin / PRO-SUD
© Yann Logelin / PRO-SUD
© Yann Logelin / PRO-SUD
© Yann Logelin / PRO-SUD
© Yann Logelin / PRO-SUD
© Yann Logelin / PRO-SUD