Déi zweet Hallschent vun der grousser Vakanz huet eng ganz Evenementer ze bidde fir Leit, déi deen Ament an der Minett Biosphere ënnerwee sinn. Bis d’Schoul Mëtt September nees ufänkt, kann ee sech d’Zäit op verschidde Manéiere verdreiwen.
Kino dobaussen
An direkt 3 Gemenge vun der Minett Biosphere gëtt fir de Schluss vum Summer nach Open-Air Kino proposéiert.
D’Stad Esch invitéiert vum 22. bis de 25. August an de Parc um Gaalgebierg fir all Owend um 21:00 e Film ze kucken. Eng 100 Strandkierf an Decke kënnen de Visiteuren zur Verfügung gestallt ginn. Et muss ee just mat Zäiten do sinn, fir dovunner kënnen ze profitéieren. Freides, den 23. August a Samschdes de 24. August ass och zu Schëffleng um Fussballsterrain Open Air programméiert. D’Seancë starten hei géint hallwer 9 owes. Eng spektakulär Kuliss bitt d’Suessemer Schlass fir Filmer ënner fräiem Himmel ze kucken. Op véier Owenter hannertenee ginn am Gaart vum historesche Gebai aus dem 18. Joerhonnert um 20:30 Auer aktuell Filmer gewisen. De Rendez-vous ass vum 5. September un.
Sunset CinemaEsch/Uelzecht |
Open Air KinoSchëffleng |
Kino Beim SchlassSuessem |
D’Natur vum Biosphärereservat erliewen
D’Natur an der Minett Biosphere, déi sech an de leschte ronn 50 Joer déi fréier Dagebaugebitter laanscht déi franséisch Grenz zeréckeruewert huet, ass spektakulär a fir Lëtzebuerg eenzegaarteg. August a September sinn exzellent Méint fir dës z’entdecken, sief et op eege Fauscht oder an engem Grupp.
![]() |
![]() |
![]() |
Den 20. August proposéiert d’Stad Diddeleng eng Visite vum hirem Bongert “am Weierchen“ zu Butschebuerg. Um Programm steet d’Entdeckung vun deem iwwer 2 Hektar grousse Bongert mat sengen 88 Uebstbeem. Zousätzlech gëtt et am Kader vun dëser Visite vum Bongert och nach Erklärungen iwwert déi ökologesch Funktioune vun engem Bongert an doriwwer wéi eng Déieren d’Bongerten aktiv als Habitat notzen.
Ee vun de grousse Projete fir déi touristesch Entwécklung vun eiser Regioun ass de Minett Trail, deen am Kader vun der Kandidatur vun der Regioun fir e Biosphärereservat ze ginn, geplangt an duerno realiséiert gouf. D’Etapp vun Déifferdeng op Péiteng, duerch Lasauvage, de Fond-de-Gras an iwwert d’Naturschutzgebitt vum Giele Botter ass zwar 16 Kilometer laang a sécher net déi einfachste Wanderung, déi een am Minett ka maachen, mä se bitt spektakulär Impressioune vum industriellen Ierwen an den natierleche Räichtemer vum Minett. De 7. September gëtt dës Wanderung mat engem Guide proposéiert, deen iwwert déi 16 Kilometer laang Streck vill interessant Informatiounen a spannend Geschichten ziele kann. De Samschdeg drop ass eng 37 Kilometer laang Mountainbikestour vu VisitMinett programméiert. Hei geet et eng Kéier queesch iwwert de Lallengerbierg an de Brucherbierg. En erfuerene Guide manövréiert de Grupp iwwert eng vun de spektakuläerste Mountainbikestrecken aus dem Land.
Visit am BongertDiddeleng |
Wanderung Minett TrailDéifferdeng-Péiteng |
MountainbikestourLallengerbierg-Brucherbierg |
Rendez-vouse fir Grouss a Kleng
De Weekend vum 23. a 24. August rentéiert sech en Ausfluch op Käerjeng. Zwee Deeg laang steet dann hei alles am Zeeche vu Playmobil. Dat Spillgezei, wat den Hans Beck viru genee 50 Joer op de Marché bruecht huet, begeeschtert bis haut Kanner ewéi Erwuessener.
D’Gemeng Péiteng war déi éischt Gemeng zu Lëtzebuerg, déi um Enn vum Zweete Weltkrich, vun den alliéierten Truppe befreit gouf. Dat gëtt all Joers zu Péiteng gefeiert. Fir den 80. Anniversaire vun der Liberatioun gëtt dëst Joer, vum 6. bis den 9. September, richteg grouss gefeiert, mat engem Programm fir jiddereen a fräiem Entrée. De Weekend duerno, also de 14. a 15. September ass et zu Butschebuerg nees méiglech eng Rees zeréck an d’Mëttelalter ze maachen. Zwee Deeg laang verwandelt sech den Diddelenger Quartier an eng mëttelalterlech Maartplaz mat Händler, Spektakelen an dausende vu Leit, vun deenen der vill a Kostümer aus dem Mëttelalter wäerten ënnerwee sinn.
LuxPlaymoDaysKäerjeng |
80 Joer LiberatiounPéiteng |
Butschebuerger BuergfestDiddeleng |