Mëtt Juni huet d’Ekipp vun der Minett UNESCO Biosphere Zouwuess kritt. Fir d’Ziler vun eiser “Mission Zéro Carbone” z’erreechen, gouf e Koordinator fir d’Dekarboniséierungsstrategie vun den 11 PRO-SUD Gemengen agestallt.
De Ricardo Poeira ass nei an eiser Equipe. No sengem Doktorat, op der Uni Lëtzebuerg, an der Physik mam Fokus op Photovoltaik, fänkt de jonke Péitenger Wëssenschaftler elo seng berufflech Carrière am Gemengesyndikat vun de Lëtzebuerger Südgemengen un.
Fir hie besser kennen ze léieren, beäntwert de Ricardo eis hei dräi Froen:
D'”Mission Zéro Carbone”, déi am Abrëll 2023, bei der Zeremonie fir de 20. Joresdag vum PRO-SUD, vun de Gemengen ugeholl gouf, gesäit vir, datt d’Minett UNESCO Biosphere zu engem “net zero” Biosphärereservat gëtt. Wat sinn, fir Dech, déi gréissten Erausfuerderungen, déi op eenzel Gemenge waarden, fir bis 2030 déi éischt konkret Mesuren um Wee zur Klimaneutralitéit ze starten an ëmzesetzen?
“Déi éischt Erausfuerderung ass et, konkret Moossnamen z’identifizéieren, vun deenen d’Gemengen esou séier wéi méiglech kënne profitéieren an déi néideg Verbindunge fir hir Ëmsetzung opbauen. Vill Studien si scho gemaach ginn, elo ass et wichteg d’Resultater ze compiléiere fir d’Richtung ze definéieren. Da geet et drëms Synergien tëscht den Acteuren ze fannen, fir Mesuren anzeféieren, vun deenen esou vill wéi méiglech Gemenge profitéieren. Natierlech variéiert d’Disponibilitéit vun de Ressourcë vu Gemeng zu Gemeng, an do kann d’Zesummenaarbecht op regionalem Niveau interessant sinn, fir déi verfügbar Ressourcen optimal ze notzen.
E wichtegen Aspekt wäert d’Biergerbedeelegung sinn. Mir sinn an enger Situatioun, an där d’Bierger eng entscheedend Roll spillen, sief et am Transport, der Energie oder dem allgemenge Konsum. Mir sinn an engem entscheedende Moment, wou jidderee zur d’Liewensqualitéit vu muer bäidroe kann.”
![]() |
![]() |
![]() |
Wéi eng Roll kann oder muss déi regional Energieproduktioun duerch Photovoltaik an der Dekarboniséierung spillen?
“Photovoltaik muss eng zentral Roll bei der Dekarboniséierung an der Energieversuergung vu Lëtzebuerg spillen. Als erneierbar Energiequell, bei där just ganz wéineg CO2 entsteet, ass d’Photovoltaik ee vun de wichtegste Bausteng zu Lëtzebuerg fir selwer Energie op eng ëmweltfrëndlech Manéier ze produzéieren. Zousätzlech bitt d’Photovoltaik all de Bierger eng gewëssen Energieonofhängegkeet an d’Méiglechkeet e wichtegen an einfache Bäitrag zum Klimaschutz ze leeschten.
Ech erënnere mech nach gutt, datt ech, wéi ech zéng Joer al war, vereenzelt Wandenergieanlagen a Solarpanneauen op de Felder gesinn hunn a mir geduecht hunn, datt dëst d’Technologie vun der Zukunft wäert sinn. Haut si mer nach net ganz do ukomm, mä ech sinn iwwerzeegt, datt dat geschwënn d’Norm gëtt.”
An Dengen éischte puer Woche bei eis has Du Kontakt mat den éischte Gemengenadministratiounen. Wéi bass Du empfaange ginn a wou gesäis Du de Fokus vun Denger Aarbecht an den nächste Wochen a vläicht souguer Méint, no dësen éischte Kontakter?
“Den Empfang ass waarm a ganz agreabel, well mir an enger Atmosphär vu géigesäitegem Echange sinn. Et ass kloer datt mir un engem gemeinsamen Zil schaffen an d’Approche ass konstruktiv an deem Sënn, datt Schwieregkeete kloer gewise ginn an de Fokus op de Léisunge läit. Et ass och interessant ze gesinn, datt d’Gemenge vill gemeinsam hunn, awer och verschidde Stäerkten a Schwächten, wat optimal ass fir als Grupp zesummen ze schaffen.
An der nächster Zäit wäert et wichteg sinn, déi Studien a Projeten, déi bis elo individuell duerchgefouert goufen, z’identifizéieren an ze bündelen, fir e Reseau tëscht de Gemengen an en Aktiounsplang auszeschaffen. Dëst wäert et och méiglech maachen, iwwer méiglech interkommunal Zesummenaarbechten ze diskutéieren, déi Méiglechkeete fir gréisser Projeten, mat méi Impakt, bidden.”