Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

MiNELL-Atelieren an de Summerméint

Eis nächst MiNELL-Ateliere fir Erwuessener beschäftege sech mat Botanik a floraler Konscht, mat den iessbare Planzen, déi een am Summerbësch ka fannen a mat botaneschem Zeechnen. Dës Ateliere sinn, wéi ëmmer, gratis. Dir musst Iech just am Virfeld umellen.

6. Juli: Naturfloristik zu Schëffleng

Optakt mécht den Atelier iwwert d’Naturfloristik, deen e Samschdeg, de 6. Juli ass.

Wärend dëser Aktivitéit kréien d’Participanten eng Aféierung an de Sujet vun der Planzenidentifikatioun an eng Presentatioun vun e puer Aarten a Famillje vu wëlle Planzen.

Zousätzlech gëtt et Erklärungen iwwer d’Benotze vu wëlle Blumme fir kreativ Projeten, zum Beispill d’Erstelle vu Bouquete mat wëlle Blummen oder d’Conservatioun vu Planze fir kreativ Herbarien.

Hei kënnt Dir Iech gratis umellen.

 

10. August: De Bësch schmaachen am Ellergronn

De Samschdeg, 10. August, proposéiere mer dann eis populär Aktivitéit “De Bësch schmaachen”.

Wéi eng Planze fënnt een am Summerbësch, déi een iesse kann?

Wéi kann een dës Planzen erkennen a wat kann een dorauser kachen?

Äntwerten op all dës Froe liwwert eis Expertin, d’Kraiderpedagogin Christiane Laures.

Klickt hei fir de Summerbësch schmaachen ze kommen.

 

7. September: Naturstudien am Ellergronn

De Samschdeg, 7. September, invitéiere mer dann op den Atelier “Natur Studien”.

Am Ellergronn, observéiere mer zesumme mat der Kënschtlerin Ann-Kathrin Wirth d’Natur an halen se zeechneresch fest.

Mir léieren Technike fir dobaussen d’Natur ze zeechnen an ze molen.

Déi gratis Aschreiwung fannt Dir hei.