Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Entdeckt de Minett Nature Explorer: Eis Ateliere fir Jonker
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Episod 19 – Mirka Costanzi X Naturschutzzenter Ellergronn

Legenden, Theater, Pedagogik a Mermaids

 

Dës Kéier wollte mer eisen Episod eigentlech an der Kabaischen „Pump It Up“, déi um Territoire vun der Stad Esch fir de Minett Trail opgeriicht gouf, ophuelen. Well d’Kabaischen am Moment awer Ament net zougänglech ass, hu mer eis Opnam kuerzfristeg misse réckelen. Dofir hu mir eise Gaascht einfach an der permanenter Ausstellung “Transition Now” am Naturschutzzenter Ellergronn begréisst. D’Expo ass just e puer Meter ewech vun der Kabaischen an de Raimlechkeete vun der fréierer Minn Cockerill ënnerbruecht.

An dësem Episod vun eisem Wanderpodcast léiere mir d’Mirka Costanzi kennen. D’Mirka war de kreative Kapp hannert dem Esch2022-Projet “De roude Fuedem duerch de roude Buedem”, deen a 6 vun den 11 Gemengen aus der Minett UNESCO Biosphere organiséiert gouf an och nom Enn vum Kulturjoer weider Bestand huet.

Eise Gaascht: Mirka Costanzi

D’Mirka Costanzi ass studéiert Assistante Sociale an Theaterpedagogin a schafft am Centre culturel “Rotondes”. Si ass och am Kënschtlerkollektiv “Maskénada” engagéiert, mat deem si reegelméisseg kulturell Evenementer op aussergewéinleche Plazen organiséiert. Maskénada war och un der Ëmsetzung vum Mirka senger Iddi fir de Projet “De roude Fuedem duerch de roude Buedem” bedeelegt, an deem d’Mirka ale Seechen a Legende vu staarke Fraen aus eiser Regioun en neit a digitaalt Liewe geschenkt huet.

© IK-CNCI & Minett UNESCO Biosphere

Dës Legende waren natierlech en Thema an eisem Gespréich. Mir hunn awer och mam Mirka iwwer seng italieenesch Wuerzele geschwat. Boulderen, Yoga a Mermaiding waren aner Gespréichsthemen, sou wéi Zolwer, d’Uertschaft an där d’Mirka doheem ass.

Facebook Instagram

 

Eis Minett-Location vum Mount: Esch-Uelzecht

D‘Stad Esch

Esch ass, no Lëtzebuerg, déi zweet gréisst Stad am Land an déi inoffiziell Haaptstad vun der Minettregioun. Haut sinn iwwer 36.000 Awunner zu Esch doheem, vun deenen iwwer 50 Prozent keng Lëtzebuerger sinn.

Virun der Entwécklung vun der Eisenäerzindustrie war Esch, wat warscheinlech am 8. Joerhonnert gegrënnt gouf, eng kleng Stad mat manner wéi 3.000 Awunner. Mat den neien Aarbechtsplazen, déi duerch d’Industrialiséierung geschaf goufen, ass d’Bevëlkerung vun Esch um Enn vum 19. Joerhonnert séier gewuess. Am Ufank koumen d’Aarbechter haaptsächlech aus Éislek, mä no enger kuerzer Zäit huet d’Stolindustrie mussen op Aarbechter aus dem Ausland zeréckgräifen, déi dacks aus Polen an Italie koumen.

1937 ass den éischte lëtzebuergesche Fluchhafen zu Esch opgaangen. Vu Lalleng konnt ee reegelméisseg op London fléien. Zënter 2005 entsteet op Deeler vun der Schmelz Esch-Belval, déi net méi gebraucht goufen, en neien urbane Quartier, an deem nieft der Uni Lëtzebuerg och aner Staatsverwaltungen an d’Rockhal, de gréisste Concertssall aus dem Land, ze fanne sinn.

Naturschutzzenter Ellergronn

Den Naturschutzzenter Ellergronn ass ee vu fënnef Zentere vun der Lëtzebuerger Naturverwaltung. Et läit um Site vun der fréierer John Cockerill Minn, déi deen eenzege Minnesite an der Groussregioun ass, dee komplett erhalen ass.

Zënter e puer Méint kann een am Ellergronn net nëmmen e Musée besichen, dee sech mat der Geschicht vun der aler Minn an der Aarbecht vun de Mineure beschäftegt, mee och déi permanent Ausstellung “Transition Now”, déi den Anthropozän erkläert an den Afloss vum Mënsch op eise Planéit weist.

© IK-CNCI & Minett UNESCO Biosphere

Eise Quiz:

Fir déi éischt Fro vun eisem Quiz geet et zeréck an d’Vergaangenheet. An zwar an déi vum Zolwerknapp. Nieft dem Knapp läit de Lëtschef an op deenen zwou Koppen hunn zwee Ritter gelieft, déi duerch eng déif Feindschaft matenee verbonne waren. Wéi hunn déi zwee geheescht?

  1. Alexander an Tara
  2. Philippe an Tara
  3. Alexander a Philippe

 

Den Ellergronn ass eent vun den eelsten Naturschutzgebitter vu ganz Lëtzebuerg. A wéi engem Joer ass dat ganzt Dall ënner Schutz gestallt ginn?

  1. 1979
  2. 1988
  3. 1997

 

Links bei d’Sujete vun dësem Episod:

 

De Podcast gëtt realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun:

 

Kontaktéiert eis:

+352 26 17 97 1