Am Kader vun den Deeg vun der Biodiversitéit 2023 ass de Samschdeg 13. Mee nees den traditionellen „Dag an der Natur“, dee mir als Minett UNESCO Biosphere zënter 2021 zesumme mam Naturschutzzentrum Ellergronn vun der Naturverwaltung (ANF) an der Stad Esch organiséieren.
Dëst Joer ass den „Dag an der Natur“ nach méi grouss ewéi déi Jore virdrunner, well Visit Minett sech ugeschloss huet a vun der Geleeënheet profitéiert fir de 90 Kilometer laange Minett Trail, deen déi 11 Gemenge vun eisem Biosphärereservat matenee verbënnt. Dëse Wanderwee, dee schonn zënter dem leschte Fréijoer komplett beschëldert ass, geet duerch 9 verschiddenen Naturschutzgebitter, duerch 8 Stied a 7 Dierfer vum Minett.
Fir déi offiziell Ouverture vum Minett Trail proposéiert Visit Minett och véier guidéiert Wanderunge mat ënnerschiddleche Schwieregkeetsgraden an den Ellergronn. Dës Wanderunge starte vun Téiteng (8,5km), Schëffleng (9km), Bieles (10,5km) an Diddeleng (23km).
Donieft gëtt et de ganzen Dag iwwer Spill a Spaass um Site vum Ellergronn, mat Atelieren an Demonstratiounen. Den Detail fannt Dir hei:
Maart mat lokale Produzenten
Als Minett UNESCO Biosphere läit eis besonnesch och d’Valorisatioun vun de lokale Liewensmëttel um Häerz. Duerfir ass am leschte Joer d’Mark “Mmmh… Minett!“ an d’Liewe geruff ginn a mir waren zesumme mat den Naturparken aus dem Norden an der Gemeng Käerjeng an der Organisatioun vum „Au Goût du Terroir“ implizéiert, wou e ganze Weekend laang lokal Produiten am Fokus stoungen.
Déi positiv Erfarung vu Käerjeng huet eis encouragéiert dëst Joer e klenge Produzentemaart um „Dag an der Natur“ z‘organiséieren. Eelef Produzenten hunn zougesot um 13. Mee hir Wueren an den Ellergronn presentéieren a verkafen ze kommen.
Ugebuede ginn den Dag frëscht a lokaalt Geméis, Eeër, Nuddelen, Hunneg a Gedrénks.
D’Geméis wäert vun direkt dräi Produzenten ugebuede ginn. Den Escher Geméisguart, d’Geméiswierk vu Conter a L’Atelier de Joanne vun Däitsch-Oth proposéiert frësch Produiten. De Biohaff “an Dudel” vu Sprénkeng wäert och um lokale Maart present sinn an hei, ënnert anerem, hir Nuddele proposéieren. D’Eeër, déi et den 13. Mee am Ellergronn ze kafe wäert ginn, komme vum Produzent Eggs And Hopp vu Kohler. Den Hunneg, deen et um „Dag an der Natur“ ugebuede gëtt, ass ee vun de „Mmmh… Minett!“-Produiten, de Kordaller Hunneg, dee vun de Beien an den Natura 2000 Zone ronderëm Déifferdeng gesammelt gëtt a La Pierreuse vun Aumetz kënnt mat Raps-, Sonneblummen- a Fluessomueleg…
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
Punkto Gedrénks wäert den Domaine L&R Kox vu Réimech mat Jus a Wäi present sinn, Opyos Beverages aus der Keiwelbaach proposéiert hir Ginen, hire Pastis an hire Vermouth an De Gilbert Barone vu Garnech wäert seng selwer gemaachte Liköre verkafen.
Ofgeronnt gëtt de lokale Maart vun den Editions Phi vu Bieles, déi mat hire (Kanner-)Bicher an dem geopoetesche Reescarnet Rocklines iwwert d’Minett UNESCO Biosphere vun den Auteuren Davide S. Sapienza a Robert Weis an den Ellergronn wäerte kommen.
Accès an den Ellergronn
Fir an den Ellergronn ze komme besteet d’Méiglechkeet op den ëffentlechen Transport zeréckzegräifen. D’TICE-Linn 12 fiert all 30 Minutte bis op d’Place Pierre Ponath an der Entrée vum Ellergronn. Et gëtt och en Opfangparking kuerz virum Ellergronn en place gesat, vun deem aus eng Päerdskutsch d’Navette bis bei den Naturschutzzentrum an d’Aktivitéite vum „Dag an der Natur“.






