A ville Biosphärereservater ass d’Promotioun vu lokale Qualitéitsproduiten eng wichteg Aufgab. Se ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der lokaler Versuerung mat Liewensmëttel, der Saisonalitéit, der Resilienz an der Roll vun der Agrikultur am ökologesch Wandel…
Aus deem Grond ass dës Aufgab och eng vun der Minett UNESCO Biosphere, déi Initiative fir d’Strukturéieren an d’Promotioun vu lokale Produiten ënnerstëtzt. D’Zil ass kloer: Déi lokal Offer soll dynamiséiert ginn, fir der wuessender Demande vun de Verbraucher Rechnung ze droen, deenen eng besser Traçabilitéit an méi regional Produite wichteg sinn. (Dozou: D’Conclusioune vun der Etüd iwwert d’Demande – Phas 1 vum Diagnostic territorial vun 2020-2021).
Aus deem Grond waren en Dënschdeg, de 4. Abrëll 2023, ronn 15 Persounen de ganzen Nomëtteg iwwer am Ellergronn zesummekomm, fir op de Resumé vun de Resultater vun der Analys vun der lokaler Liewensmëtteloffer (Phas 2) ze reagéieren. Dës Analys gouf vun “Demain Autrement“, dem Bureau d’études, deen dës Analys realiséiert huet, presentéiert. Duerno konnte gewielte Politiker, Staats- a Gemengebeamten, Akademiker an aner Acteuren an dräi Aarbechtsgruppen zwou Stonne laang iwwert d’Méiglechkeeten, déi sech dem Gemengesyndikat PRO-SUD bidde fir lokal Liewensmëttelproduktioun z’ënnerstëtzen, nodenken. Bei dësem Workshop gouf sech op Iddie vun de Produzente baséiert, déi am Kader vun der Analys interviewt gi waren.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Yann Logelin / PRO-SUD
Op Basis vun 18% vun de kontaktéierte Produzenten, déi un der Analys vun der Offer deelgeholl hunn, engem zefriddestellenden Taux, kënne verschidde Constate gemaach ginn. Et existéiert virun allem e Besoin no Unerkennung vum Know-How an der Qualitéit vun de Produite fir déi Produzenten, déi op de Wee wëlle goen – op mannst en Deel vun hirer Produktioun – a lokal Vermaartungsstrukturen ze ginn. Déi saisonal Produiten, déi hiergestallt ginn, sinn divers: Geméis, Knollen, Uebst, Fleesch (Rand, Schwäin, Schof, Gefligel), Mëllech, Eeër, Kären, alkoholescht Gedrénks,… An der Regioun feelt et allerdéngs u Plazen, wou dës Produite kéinten transforméiert ginn.
Erausfuerderungen a potentiell Handlungsméiglechkeeten
D’Participante vum Workshop hunn ausféierlech iwwert d’Erausfuerderungen diskutéiert, mat deenen d’Landwirtschaft konfrontéiert ass, wëll dëse Sujet primordial fir d’Zukunft wäert sinn. Eng wichteg Fro ass och déi, wéi ee jonk Mënsche motivéiere kann eng Liewensmëttelentreprise ze grënnen, iwwerdeems sech d’Unzuel vu landwirtschaftleche Betriber zu Lëtzebuerg all 25 Joer hallwéiert. An deem Kontext goufe bei de Workshops e puer Aktiounsberäicher identifizéiert, an deenen d’Minett UNESCO Biosphere ufänke kéint mat schaffen, fir esou e Bäitrag fir d’Dynamiséierung vun der lokaler Offer ze leeschten. Se kéint als Vermëttler schaffen, fir Synergien tëscht den Acteuren ze schafen a fiabel Finanzéierungsméiglechkeeten ze fannen: Schoulklassen déi e Bauerenhaff besichen, Hëllef bei der Vermaartung vu Produiten, Koordinatioun vun enger Foire wéi dem “Au goût du terroir“, an engem Rhythmus vun zwee Joer, déi vun de jonke Produzenten als gutt Vitrinn an Inkubator ugesi gëtt, regional Kommunikatioun iwwert déi existent Offer an och eng perséinlech Begleedung (op de Bauerenhäff), fir de Produzente bei den Erausfuerderungen a punkto Dekarboniséierung (Klima-Biergerrot) an och méi ëmweltfrëndlech Landwirtschaft ze hëllefen…
En detailléierten, schrëftleche Rapport iwwert déi lokal Offer am Beräich vun der Liewensmëttelproduktioun wäert bis Mëtt Juni presentéiert ginn. Doriwwer eraus wäert an der zweeter Hallschent vum Joer un enger Strategie an engem pluriannuellen Aktiounsprogramm geschafft ginn, deen de Kompetenze vu PRO-SUD Rechnung dréit a sech um Diagnostic territorial an dem Echange mat den eenzelen Acteuren orientéiere wäert.





