Zënter Uganks Abrëll ass mam “Wagon” am Fond-de-Gras déi 7. vun am ganzen 11 Kabaisercher vum Minett Trail prett fir Visiteuren z’empfänken.
Hannert engem Schapp an deem al Lokomotive vum Train1900 stockéiert sinn, direkt hannert der Gemengegrenz vun Déifferdeng a Péiteng steet de Péitenger Gîte vum Minett Trail. Fir d’Kabaischen am Fond-de-Gras war et u sech logesch op en Eisebunnswaggon zeréckzegräifen, well den ale Minnesite zënter Jore scho mat Schinnegefierer zu neiem Liewen erwächt.
Och wann e vu baussen nach no Waggon ausgesäit, esou iwwerrascht e vu bannen. Op der enker Surface, déi der Architektin Lisi Teisen zur Verfügung stoung, ass en Openthaltsraum mat Kichen entstanen. Dräi Schlofabteiler mat all Kéiers zwee Better iwwerteneen, esou wéi een dat och den Nuetszich kennt, déi ewell nees um europäesche Schinnereseau ënnerwee sinn. Nieft den zwou Naasszellen, déi an de Gîte integréiert goufen, bitt dës Kabaische mat enger Sauna um Schluss vum Waggon nach en Extra, deen ee soss a kenger vun de Kabaisercher fënnt.
Nohaltegkeet a Konscht
Wéi bei all Kabaische vum Minett Trail war et wichteg, datt och dëse Projet, deen aus dem groussen Architektur-Concours vum Ordre des Architects et Ingénieurs-Conseils (OAI) an dem Syndicat PRO-SUD zeréckbehale gouf, op eng nohalteg Manéier géif realiséiert ginn. Holz ass deemno, wéi an den allermeeschte Kabaisercher laanscht den neie Bijou ënnert de Wanderweeër vu Lëtzebuerg, d’Material mat deem e groussen Deel vun der Kabaische realiséiert ginn ass. Den Zuchwaggon selwer ass een, deen zënter Joren op der Stater Gare stoung, ouni nach e wierkleche Verwendungszweck gehat ze hunn an deen elo, duerch dësen touristeschen Upcycling, en zweet Liewe kritt.
D’Kënschtlerin, déi bei der Kreatioun vum Péitenger Gîte mat der Architektin zesummegeschafft huet ass d’Justine Blau. An hirer Kreatioun huet si d’Rollluede vum Waggon benotzt, déi et de Gäscht erlabe méi Privatsphär ze hunn, déi et awer och erlaben d’Konschtwierker zu Iwwerraschungen ze maachen. Op dës Rolllueden si Motiver am direkten Zesummenhang mat der geologescher Geschicht vum Minett komm, déi een entdecke kann.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
210 € pro Nuecht fir déi ganz Kabaischen
Zënter Uganks Abrëll ass de Waggon am Fond-de-Gras prett fir Gäscht z’empfänken. E ka fir de Präis vun 210€ pro Nuecht reservéiert ginn a bitt Plaz fir 6 Gäscht, déi no engem Wandertour iwwert de Minett Trail, mat, zum Beispill, der Decouverte vum Naturschutzgebitt “Prënzebierg-Giele Botter“, hei entspaant hir Been strecke kënnen a sech et kënne gutt goe loossen.