Patron vun der Start-up, déi d’Kabaisercher um Minett Trail geréiert
Déi grouss Gemeinsamkeet vun all eise Podcasten an dësem Joer ass, datt mer um Minett Trail ënnerwee sinn. Zwou Woche virun der offizieller Aweiung vum 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere, interesséiere mir eis an dëser Episod vum Podcast ganz speziell fir de Minett Trail an nach méi am Detail fir d’Kabaisercher, déi op 11 verschiddene Plazen um Minett Trail stinn a geschwënn alleguer fir eng oder méi Iwwernuechtunge kënne gebucht ginn.
Eise Gaascht: Philippe Morgado
Fir eis méi iwwert d’Kabaisercher ze verroden ass den Direkter vu Simpleviu, Philippe Morgado, eise Gaascht. Seng Start-up krut Uganks 2022 den Zouschlag fir d’Kabaisercher um Minett Trail z’exploitéieren. Dat maachen de Philippe a seng Mataarbechter an enker Koordinatioun mat den 11 Gemengen an deenen d’Kabaisercher leien, dem regionalen Tourismusbüro VisitMinett an anere Partner aus der Minett UNESCO Biosphere.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Julie Collini
Mam Philippe Morgado, dee Maschinnebau an Entreprenariat studéiert huet, schwätze mer iwwert säi Wee an d’Tourismusindustrie. Mir kucke mam Philippe zeréck op seng éischt Méint als Bedreiwer vun de Kabaisercher, no vir op d’Zukunft vum „slow tourism“ och zu Lëtzebuerg a potere mat him iwwert d’Konschtwierker an de Kabaisercher, Legenden an d’Industriekultur vum Lëtzebuerger Süden.
Eis Minett Location vum Mount: Lasauvage
D’Gemeng Déifferdeng
Lasauvage ass en Duerf vun der Gemeng Déifferdeng a mat ronn 400 Awunner eng vun de klengsten Uertschaften aus der Minett UNESCO Biosphere. Gewuess ass d’Zowaasch, wéi d‘Duerf op Lëtzebuergesch heescht, vum 17. Joerhonnert un, nodeems 1623 eng éischt Schmelz am Dall vun der Réierbaach opgemaach huet. D’Schmelz zu Lasauvage huet bis an d‘1870er Jore funktionéiert, éier d’Decisioun, dat ofgeleeënt Dall net un de Lëtzebuergesche Schinnereseau unzebannen dozou gefouert huet, datt déi industriell Aktivitéiten op Lonkech delokaliséiert goufen.
Zu Lasauvage huet d’Minett awer virun eng wichteg Roll gespillt. Bis 1978 ass an de Galerie ronderëm Lasauvage Minett ofgebaut ginn an d’Iwwerreschter vum Biergbau sinn haut nach, an ënnerschiddlechste Facetten, am Duerf ze gesinn.
D’Gemeng Déifferdeng, zu där Lasauvage gehéiert, besteet nieft der Zowaasch nach aus der Stad Déifferdeng an den Uertschaften Uewerkuer an Nidderkuer. Mat hire ronn 30000 Awunner ass Déifferdeng déi drëttgréisste Gemeng vu Lëtzebuerg. Déifferdeng ass en Industriestanduert mat engem Stolwierk, dat nach ëmmer a Betrib ass. Deeler vun der Schmelz, déi net méi gebraucht goufen, sinn awer ewell zu engem „Creative Hub“ ginn, an deem jonk kreativ Betriber hire Business opbaue kënnen.
D’Kabaische vum Mount: La Sauvage
D’Kabaische vum Mount heescht „La Sauvage“. Den Numm geet op d’Legend vun der wëller Fra zeréck, déi, éier d’Uertschaft Lasauvage entstanen ass, am Dall vun der Réierbaach hiert Onwiese gedriwwen huet.
An dëser relativ grousser Kabaischen, déi an engem ale Mineurshaus ënnerbruecht ass, fënnt een 3 Zëmmer mat am ganze 7 Better. D’Bannenariichtung ass, nodeems d’Haus komplett entkäert gouf, am „Box-in-a-Box“-System gebaut ginn.
Un de Maueren vun der Kabaischen si grouss Fresken aus Leem ze gesinn, déi vun der lokaler Kënschtlerin Léa Schroeder realiséiert goufen. Dës Biller weisen engersäits d’Legend vun der „femme sauvage“ an anerersäits Zeenen aus der Zäit, wou zu Lasauvage nach Minett ofgebaut ginn ass.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Eise Quiz:
Um Minett Trail sinn Zielstatiounen installéiert, déi d’Wanderer automatesch erfaassen. Eng dovunner steet am Ellergronn. Wéi vill Leit am leschte Joer (also 2022) am Ellergronn iwwert de Minett Trail gaange sinn?
- 8.523
- 155.874
- 297.103
Zu Lasauvage ass och esou e Compteur installéiert ginn an hei sinn tëscht dem 1.1. an dem 31.12.2022 ronn 28000 Wanderer um Minett Trail 2022 gezielt ginn.
Wou kënnt den Numm “Lasauvage” hier?
- E geet op d’ Legend vun der wëller Fra zeréck
- vun der Baach, déi duerch Duerf fléisst
- vun de Wëllef, déi am Lasauvager Bësch gelieft hunn
Linke bei d’Sujeten vun dëser Episod:
- Simpleviu: Dem Philippe Morgado seng Entreprise, déi d’Kabaisercher um Minett Trail exploitéiert
- Master in Entrepeneurship and Innovation: Master, deen op der uni.lu ugebuede gëtt
- Chambre de commerce: National Beruffskummer, déi all d’Entreprisen aus sämtlechen ekonomesche Secteure representéiere soll.
- Best business plan award: Auszeechnung vun der Chambre de Commerce, déi 2020 un de Philippe Morgado gaangen ass.
- Esch2022: Am Joer 2022 waren d’Stad Esch, déi 10 aner Gemenge vum Gemengesyndikat PRO-SUD an déi 8 Gemenge vun der CCPHVA a Frankräich zesummen europäesch Kulturhaaptstad.
- Mëllerdall: Regioun am Oste vu Lëtzebuerg, bekannt als touristesch Géigend
- Fond-de-Gras: Site op deem Minett ofgebaut ginn ass, deen haut e grousse Fräiliichtmusée ass
- Slow tourism: Trend am globalen Tourismus, dee méi en nohaltegt Reesen erméigleche soll.
- Léa Schroeder: Kënschtlerin, déi zu Déifferdeng hiren Atelier huet an déi d’Fresken an der Kabaischen „La Sauvage“ realiséiert huet.
- History Vehicles Lasauvage: Oldtimertreffen, wat eng Kéier am Joer op der Zowaasch ass
- Blues Express: Museksfestival vun der Stad Déifferdeng, deen all Summer am Fond-de-Gras an op der Zowaasch ass
- Poppespënnchen: Figurentheater zu Lasauvage mat Opféierunge fir déi Kleng an och déi Grouss.
- Minn Hondsbësch: Galerie am Bierg tëscht Nidderkuer a Lasauvage, wou sech am Zweete Weltkrich Refractairë verstoppt haten
- Espace muséologique Lasauvage: Musée iwwert d’Geschicht vun der Zowaasch an d’Schicksal vun de Refractairen am Zweete Weltkrich
- Musée Eugène Pesch: Musée mat enger grousser Kollektioun u Fossilien aus de Minne ronderëm Lasauvage
- Zowaascher Schmelz: Eng vun den éischte Schmelzen am Süde vu Lëtzebuerg, déi Enn vum 19. Joerhonnert hir Dieren aus ekonomesche Grënn huet mussen zoumaachen. Detailléiert Artikelen aus dem Diffmag vun der Gemeng Déifferdeng
- Salles des pendus Lasauvage: Gutt erhale Salle des pendus, déi fir Ausstellunge genotzt gëtt
- Sven Fielitz: Freestyle-Futtballer mat deem mir e Minett Mash-Up Episod an der Salle des Pendus am Ellergronn opgeholl hunn
- Minièresbunn: Bunn, déi sonndes tëscht dem Fond-de-Gras a Lasauvage duerch déi fréier Galerië fiert
- Helleg Bärbel: Schutzpatréinesch vun de Mineuren, där d’Kierch vu Lasauvage geweit war an un déi all Joer am Dezember traditionell gefeiert gëtt
- The Joe Rogan Experience: Podcast vum amerikanesche Comedian Joe Rogan
- Legend vu Lasauvage aus dem Sagenschatz des Luxemburger Landes vum Nikolaus Gredt
De Podcast gëtt realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun:
![]() |
![]() |
![]() |
Kontaktéiert eis:
![]() |
![]() |
![]() |